Alkohol um SteierBei 2 Kontrolle ware 6 Tester positiv, 2 Permise fort

RTL Lëtzebuerg
Op Uerder vum Parquet hat d'Police tëscht 23 Auer um Freideg an 3 Auer um Samschdegmoien Alkoholkontrolle gemaach.

Dat an der Areler Strooss zu Stroossen an an der Lonkecher Strooss zu Bartreng.

181 Automobilisten hu misse blosen.

6 mol war den Test positiv.

2 Führerschäiner goufen op der Plaz agezunn.

Um Freideg géint 18 Auer schonn hat en Automobilist säi Permis verluer. Zu Conter hat en en Accident, an ass dunn einfach fortgefuer. D’Police huet den Auto duerno op engem Parking erbléckst. De Chauffer hat ze vill gedronk, koum awer och mat liichte Blessuren an d’Spidol. Der Dame, déi am zweeten involvéierten Auto hannert dem Steier souz, ass näischt geschitt.

Ëm Hallefnuecht war och en Automobilist um Wandhaff bäigaangen. Hien hat ze déif an d’Glas gekuckt. De Permis war fort.

D’selwecht ergoung et engem Chauffer och ëm Hallefnuecht op der A7 an Richtung Norden. Säin opfällege Fuerstil hat hie verroden.

Genee den nämmlechten Zenario um hallwer 3 an der Avenue de la Liberté an der Stad.

Um 4 Auer war zu Wuermer en Automobilist hannert dem Steier ageschlof. Den Test war zwar positiv, de Permis war awer net fort.

um Samschdeg kuerz viru 5 Auer hat eng Patrull e Won op der Diddelenger Autobunn a Richtung Frankräich gestoppt, dee si mat héijer Vitesse iwwerholl hat. Et war Alkohol am Spill, allerdéngs konnt de Chauffer säi Permis halen.

Back to Top
CIM LOGO