
Bei 40 kontrolléierte Camione goufen 32 verschidde Verstéiss festgestallt, bei deenen e Protokoll huet missen ausgestallt ginn. Ënnert anerem waren d'Chargen net uerdentlech geséchert, d'Fuer- a Rouzäite goufen net respektéiert an ee Chauffer hat souguer a Gaskocher an der Kabinn installéiert, fir sech wärend dem Fueren Téi kënnen ze preparéieren.
Bei anere Gefierer goufen d'Markéierunge kritiséiert, déi d'Rettungsekippe bei engem Accident op méiglech geféierlech Charge sollen hiweisen. Nodeems déi nees visibel waren, hunn déi concernéiert Chaufferen nees dierfe weiderfueren.