
Nodeems dës Woch déi nei Associatioun “HUT - Hëllef um Terrain” de Gros vun den Aktivitéite vun der Caritas iwwerholl huet, stelle sech nach eng Partie Froen, ënnert anerem beim Aarbechtsrecht. D’Gewerkschaft OGBL ass der Meenung, datt et sech ëm en Transfert d’entreprise handelt. Den HUT-President Christian Billon seet, dat wier net sou.
Eng kloer Äntwert op d’Fro, wien do Recht huet, gëtt et aktuell awer nach net. Kuerz de Kontext: Bei engem Transfert d’entreprise ginn all d’Mataarbechter, mat deene Kontrakter déi se virdrun hate,n vun der neier Entitéit iwwerholl, wat hei net geschitt ass.
Den Aarbechtsministère huet RTL confirméiert, datt d’ITM en Dënschdeg schonn eng Kontroll bei HUT gemaach huet. De President vum Verwaltungsrot hätt do gesot, datt et sech an hiren Aen net ëm en Transfert d’entreprise géing handelen. D’ITM kéint dowéinst näischt aneres maachen, wéi de Salariéen ze roden, d’Aarbechtsgeriicht ze saiséieren.
Mir hunn och bei engem Affekot nogefrot, dee sech am Aarbechtsrecht auskennt. Dësen huet ons erkläert, datt an engem Sträitfall spéitstens e Geriicht analyséiert, ob et eng Betribsiwwernam ass. Do géing gekuckt ginn, ob déi selwecht Aktivitéiten oder änlech Aktivitéite vun der neier Entitéit weidergefouert ginn, esou de Guy Castegnaro:
“Dat ass eeben een Indiz, ob et sech elo ëm en Transfert oder net handelt, wann natierlech immateriell a materiell Saache mat eriwwer ginn, plus eng gewëssen Zuel vu Salariéen, plus déi selwecht Aktivitéiten, déi iwwerholl ginn, da sprécht alles fir en Transfert d’entreprise.”
Wann et sech ëm eng Betribsiwwernam géing handelen, hätten d’Leit, déi nei Kontrakter ënnerschriwwen hunn, theoretesch Usproch op d’Konditioune vun hiren ale Kontrakter.
Mir hunn och beim Aarbechtsministère nogefrot, ob d’Employéen d’Informatiounen an d’Material vun hirem ale Patron kéinte mathuelen, wann et sech net ëm en Transfert d’entreprise géing handelen, an do war d’Äntwert kloer “nee”.
Déi Leit, déi vun HUT agestallt goufen, kënnen dann d’Aarbechtskonditioune vun hirem fréieren Aarbechtskontrakt revendiquéieren.
Dozou muss een awer soen, dass duerch den SAS-Kollektivvertrag sou wéi sou eng ganz Partie Acquisen, wéi Paien an Anciennetéit hu missen am neie Kontrakt iwwerholl ginn. Fir déi, déi net vun der HUT agestallt goufen, wier et awer elo e bësse spéit, sou den Expert:
“Déi kënnen net froen, datt se reintegréiert gi sinn. Et muss een natierlech kucken, wat mat deene geschitt respektiv geschitt ass, ob déi licenciéiert gi sinn oder net. Déi kënnen natierlech dann déi Kënnegung ufechten. An dann ass erëm d’Fro, déi d’Geriicht sech muss stellen, ob et sech ëm eng Betribsiwwernam, also en Transfer d’entreprise gehandelt huet oder net. Et geet dann am Endeffekt, geet am Fong just ëm Schuedenersatzuspréch. Also et geet am Fong ëm Schuedenersatz. Also et geet am Fong net ëm eng Reintegratioun oder eng Iwwernam duerch déi nei Entitéit.”
Wat awer an den Ae vum Expert ee vun den Haaptproblemer an deem hei Dossier ass, wier d’Fro vun der Personaldelegatioun. Déi wier nämlech bei enger Betribsiwwernam automatesch iwwerholl ginn, erkläert de Guy Castegnaro:
“Hei geet jo déi nei Entitéit dovun aus, dass et keen Transfert ass. Also gëtt et elo am Moment, reng juristesch gesinn, kee Betribsrot. Normalerweis muss ee bei enger neier Entitéit zwielef Méint waarden. An da kucken ob d’Konditiounen erfëllt sinn, fir eng nei Delegatioun ze wielen. Lo hunn ech gelies, datt hei vläicht eng Derogatioun gemaach gëtt. Also muss een Direkter vun der ITM vläicht eng fréier, also méi fréi Sozialwalen ordonéieren. Dat muss een och kucken. An op wat fir enger rechtlecher Basis, dat muss een och préiwen.”
Do seet de Guy Castegnaro, datt et am Fong keng Reegelen dozou gëtt, wéi laang ee muss Zäit hunn, fir sech säi Kontrakt unzekucken oder ob ee sech muss kënne berode loossen:
“Am Normalfall ass et jo esou, datt, dat sinn jo alles erwuesse Leit, déi liesen a schreiwe kënnen, déi hunn hir Kontrakter gelies, si konnte fräi entscheeden, dat ass elo mol nach eng Kéier mäin objektiven Avis, wat se ënnerschriwwen hunn, si hunn dat och ënnerschriwwen, an esou laang net kann nogewise ginn, datt se dat ënnert engem zimmlech groussen Drock gemaach hunn, Chantage oder Erpressung oder aner Moyenen, déi den Employeur ausgëtt huet, wat zimmlech rar ass, kann een esou eng Ënnerschrëft net réckgängeg maachen.”
An um Enn nach dës Informatioun - e Mëttwoch hate verschidden Deputéiert kritiséiert, datt den Aarbechtsminister Georges Mischo net an den zoustännege Chamberkommissioune war fir Froen ze beäntwerten, vue datt sech eng Partie aarbechtsrechtlech Froen awer stellen. Do heescht et op Nofro aus dem Ministère, den Aarbechtsminister wier net invitéiert gewiescht a wier och net Member vun der Krise-Cellule.