Stad, Bartreng, Miedernach, Dikrech an EttelbréckBei grousser Alkoholkontroll a bei eenzelen Tëschefäll goufe Permisen agezunn

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg tëscht 22.30 Auer an 3 Auer waren d'Beamten am Optrag vum Parquet zu Miedernach, Dikrech an Ettelbréck am Asaz.

Dat mat enger grouss ugeluechter Alkoholkontroll. 378 Automobiliste goufe kontrolléiert, dobäi goufen aacht Procès verbauxen a véier Avertissement taxéën ausgeschwat, véier Permise goufen agezunn.

An der Escher Strooss an der Stad koum et e Freideg géint 22.50 Auer zu engem Accident, well d’Virfaart ignoréiert gouf. En Automobilist hat en anert d’Gefier op der Säit getraff, ass dono awer einfach weidergefuer. Kuerz drop konnt de Chauffer, deen den Accident verursaacht hat, op der Cloche d’Or ugehale ginn. Well den Alkoholtest positiv war, gouf de Permis agezunn.

Zu Bartreng war an der Nuecht eng Persoun opgefall, déi mat däitlech ze héijer Vitess laanscht de Policebüro gefuer ass. D’Beamten hunn doropshin d’Poursuitte opgeholl, ma de Chauffer ass ëmmer méi séier ginn, deels mat iwwer 110 Kilometer an der Stonn, an huet och mol gären d’Busspuer benotzt. Um Parking vun engem Akafszenter konnt hien du gestoppt ginn. De Mann war aggressiv an huet d’Poliziste beleidegt. Well hie keen Alkoholtest maache wollt, gouf de Permis agezunn a Protokoll erstallt.

Back to Top
CIM LOGO