Éischt ReuniounBeschlëss vun der Tripartite an Energie-Hëllefe waren Thema an der Chamber-Spezialkommissioun

Pierre Jans
De legislative Prozess fir d'Ëmsetzung vun de Mesuren, déi op der Tripartite vun der Regierung an de Sozialpartner ausgeschafft goufen, huet ugefaangen.
© Chambre Des Deputes \nchd.lu

E Mëttwoch de Moie war déi éischt Reunioun vun der Chamber-Spezialkommissioun. Obwuel et an der Haaptsaach ëm d'Energie-Hëllefe goung, war den zoustännege Minister Lex Delles net dobäi. Hie war verhënnert. Dofir huet de Finanzminister den Deputéierte Ried an Äntwert gestanen. De Gilles Roth huet erkläert, wéi d'Regierung schonn amgaangen ass, de "Resilienzpak" ëmzesetzen.

"Mir hunn als éischt emol e groussherzoglecht Reglement presentéiert, wou de Bensinn an den Diesel vum 1. Juli un op der Pompel ëm 5 Cent wäerte méi bëlleg ginn. An et gëtt de Projet de loi, deen awer nach muss duerch d'Chamber, an ech ginn dovun aus, dass deen nach virun der Summervakanz wäert gestëmmt ginn: vum 1. August u wäerten de sougenannte "Bauerendiesel" an och de Masutt fir ze hëtzen ëm 15 Cent de Liter erofgoen. Dat sinn déi zwou konkret Mesuren."

Schéin a gutt, seet déi gréng Deputéiert Sam Tanson. Si hätt awer gären och nach eemol grondsätzlech iwwer d'Mesuren diskutéiert, déi wärend der Tripartite geholl goufen. Dat wär net d'Aufgab vun der Tripartite-Spezialkommissioun, huet den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet betount, deen zanter e Mëttwoch de Moie President vun der Kommissioun ass. Nawell freet d'Sam Tanson sech, ob déi Mesuren a punkto Energie wierken.

Den CSV-Fraktiounschef Laurent Zeimet ass zanter e Mëttwoch de Moie President vun der Kommissioun.
© Chambre Des Deputes \nchd.lu

"Ech hat gefrot, dass mir en Echange mam Statec hunn. Fir eis stelle sech eng Rei Froen. Déi eng ass natierlech den Impakt op d'Inflatioun. Mir krute confirméiert, dass näischt anescht gerechent ginn ass, ewéi dass d'Energiepräisser en Impakt op d'Inflatioun sollen hunn. Dat ass bedauerlech, well dobäi e groussen Accent op de fossillen Energië läit. Do hannendrun dann d'Fro, wéi en Impakt déi Mesuren op eis Trajectoire a punkto Klima hunn."

D'Accisen um Sprit ginn iwwer e groussherzoglecht Reglement gereegelt. Déi Decisioun muss net duerch d'Chamber. Déi aner Energie-Hëllefe mussen de legislative Wee goen. Si ginn elo bei de Staatsrot a wann d'Avisen do sinn, kënnen d'Texter vun den Deputéierte gestëmmt ginn. Zil ass, dat nach virun der Summervakanz ze maachen.

© Chambre Des Deputes \nchd.lu

Back to Top
CIM LOGO