Kriibsgefor RadongasBesonnesch am Norde sollen Hausbesëtzer testen

Anne Wolff
En ass onsiichtbar, gerochlos an ouni Goût, awer op d'laang Dauer kriibserreegend.
Kriibsgefor Radongas
En ass onsiichtbar, gerochlos an ouni Goût, awer op d’laang Dauer kriibserreegend.

Rieds ass vum Radon, engem radioaktive Gas, deen aus dem Buedem kënnt a sech an den Haiser usammele kann. Fir op déi Gefor opmierksam ze maachen, ass um Donneschdeg de Lëtzebuerger Radon-Dag. Mir hunn nogefrot, wéi ee sech schütze kann. Radon ass déi zweetheefegst Ursaach fir Longekriibs, ma mat 5-15 % vun de Fäll nach ëmmer wäit hannert dem Fëmmen. Trotzdeem recommandéiert d’Santé, d’Saach am Aen ze halen, besonnesch am Norde vum Land, wou d’Konzentratioune méi héich sinn. Dat géif um Schiferbuedem leien, erkläert d’Karin Pier vun der Divisioun vun der Radioprotektioun. Do kéint de Gas aus dem Buedem méi liicht an d’Haiser kommen. Besonnesch bei eeleren Haiser ouni Bëtongsdall wier dat méiglech, erkläert de Patrick Majerus vun der Direktioun Santé. Allerdéngs kéint all Haus betraff sinn, just déi nei passiv Haiser wiere relativ sécher.

Iwwert de Santésministère kann een e gratis Kit ufroe mat engem Detecteur ufroen, deen dann iwwer 3 Méint tëscht Oktober an Abrëll doheem opgestallt muss ginn. Duerno gëtt de Kit ageschéckt an iwwert e chemesche Prozess am Labo vun der Santé ausgewäert. De Grenzwäert läit bei 300 Becquerel, bei 600 soll een definitiv aktiv ginn a Renovatiounen ugoen. Dat wier generell bezuelbar, berouegt d’Karin Pier: «Dacks fäerten d’Leit dann, si missten doheem erausplënneren, ma meeschtens leien d’Renovatioune bei ëm déi 5.000 Euro. D’Radonexpositioun gëtt op d’Liefzäit gekuckt. Dat heescht, et ass net schlëmm, wann d’Renovatiounsaarbechten e Joer méi laang daueren».

Iwwregens: Nëmme well den Noper keng Radonbelaaschtung hätt, géif dat net automatesch fir dat eegent Haus gëllen. Wien op d’Nummer sécher goe wëllt, muss dofir selwer moossen.

Back to Top
CIM LOGO