
Wat de Suivi vu Kriibspatienten ugeet, esou gëtt et zwar wuel ee sougenannte “Case Manager”, dee sech ëm déi Concernéiert këmmert, esou laang se am Spidol sinn. Baussent dem Spidol wier dat awer net méi de Fall, constatéiert déi gréng Deputéiert Djuna Bernard.
“Do feelt et dann un enger Persoun, déi een doduerch guidéiert, déi engem den Accès favoriséiert zu Sport, zu Traitementer, zu engem Suivi psychosocial.”
Ma och um Niveau vum Remboursement misst eppes geschéien, fënnt déi gréng Oppositiounsdeputéiert. Zum Beispill wann ee Kriibspatient, deen net méi am Spidol ass, wëll op eng Ernärungsberodung zeréckgräifen. Där Meenung ass och de Sven Clement vun de Piraten.
“Soubal ech net méi stationär sinn, gëtt dat privat ofgerechent. Wat natierlech, éischtens mol, muss een et ufroen, et muss een et rembourséiert kréien, et muss unerkannt ginn, datt et néideg ass.”
Datt et op deem Punkt nach Verbesserungspotential gëtt, weisen och éischt Resultater aus enger neier nationaler Etüd, déi virun zwee Deeg publizéiert gouf. Vun 100 Broschtkriibspatientinnen, déi bei der Online-Ëmfro matgemaach hunn, huet manner wéi een Drëttel op eng Ernärungsberodung oder Physiotherapie zeréckgegraff. Problemer, déi der Gesondheetsministesch Martine Deprez bekannt sinn.
“Mir mussen d’Suerg droen, datt de Patient net säi Wee misst sichen duerch de System, mee datt de System esou organiséiert ass, datt de Patient op all Moment déi Informatiounen huet, déi e brauch.”
Fir datt dat besser geléngt, ass ënnert anerem eng Entrevue mat der Fondation Cancer an der Chamber geplangt, wéi d’Ministesch preziséiert. Weider soll en interministeriellen Aarbechtsgrupp zesummegesat ginn, fir d’Fro vum Congé maladie a Congé thérapeutique fir Kriibspatienten ze klären.