Déi Fro stellt sech, nodeems virun engem Mount ee Sans-Abri op engem Zebrasträifen op der Tréierer Strooss, net wäit vun der Noutstruktur, vun engem Auto ugestouss an déidlech blesséiert gouf. Mat enger besserer Beliichtung soll elo fir méi Sécherheet gesuergt ginn.
Konkret geet et em den Zeebrasträife beim Busarrêt “Gréiwelscheierhaff”. Vun hei aus maachen d’Sans-Abrien sech op de Wee Richtung Wanteraktioun. Bis ewell war de Wee, a virun allem den Zebrasträifen, net gutt beliicht. Nom déidleche Verkéiersaccident hätt Ponts et Chaussées direkt reagéiert, seet hiren Direkter, Roland Fox.
“Datt den Autosfuerer vu wäitem gesäit, hei et ass eng Luucht do, et ass eppes lass. Mir hunn och d’Signalisatioun nach eng Kéier verstäerkt, datt ee gesäit datt ee Foussgängersträifen hei ass. An och datt déi Leit déi iwwer de Foussgängersträifen da ginn, datt déi dann och vläicht besser gesi gi vun den Autoen.”
Rout Luuchten hu Ponts et Chaussées bis ewell op där Plaz keng virgesinn. Dat, well deen Zebrasträife baussent enger Uertschaft ass, erkläert de Roland Fox.
“Mir si souwisou der Meenung, datt et keng gutt Iddi ass fir Foussgängersträifen, wou de Foussgänger d’Virfaart huet vis-à-vis vun engem Auto, deen awer mol bis 90 Kilometer en fonction ka fueren, datt do de Foussgänger soll Virfaart hunn, well en awer dat schwächsten Element an der Ketten ass.”
D’Directrice vun der Stëmm vun der Strooss Alexandra Oxacelay ass der Meenung datt et allgemeng ronderëm Hëllef-oder Noutstrukture Verbesserungspotential gëtt wat d’Verkéierssécherheet ugeet. Esou och beim Abrigado zu Bouneweg.
“Wann ech kucken zum Beispill beim Abrigado, wéi do den Zoustand ass, ech fannen dat ass een Trauerspill. Do kucken d’Leit net, ob se iwwert d’Strooss ginn. D’Leit déi iwwer d’Strooss fueren, kucke wat do leeft, an dat ass doudgeféierlech. Datt do nach keen Accident geschitt ass, dat wonnert mech.”
D’Dräieck a.s.b.l., déi sech em d’Wanteraktioun këmmert, stoung iwwerdeems net fir ee Gespréich zur Verfügung. An enger schrëftlecher Äntwert heescht et, et géingen all néideg Efforte gemaach ginn, a Kollaboratioun mat de Partner, fir esou Accidenter ze verhënneren. Ënnert anerem mat Navetten a Sensibiliséierungsprojeten. Et wier een och am reegelméissegen Austausch mat der Police a mam Transportministère.