PräishaussenBetriber geroden ëmmer méi an d'Laberenten

Diana Hoffmann
Pierre Jans
D'Inflatioun ass den Ament extrem héich. Vum Januar 2021 op de Januar 2022 ass den Taux op 4,7 Prozent geklommen, d'Solden erausgerechent.
Menagë wéi och Betriber leiden ënnert der Präisdeierecht
D’Inflatioun ass den Ament extrem héich. Tëscht Dezember a Januar ass den Taux ëm 4,7 Prozent an d’Luucht gaangen.

Eng Berouegung vun der Situatioun ass net en vue. De Statec rechent domat, datt dat eréischt d’nächst Joer wäert de Fall ze sinn. Et bräicht een elo eng kuerzfristeg Léisung op eng Partie vu Problemer, déi sech als zimmlech laangfristeg ukënnegen, seet de Generaldirekter vun der Chambre de Commerce, de Carlo Thelen. Souwuel Menagë wéi och Betriber leiden ënnert der Präisdeierecht.

Et ass méi wéi een ekonomesche Facteur, deen de Betriber den Ament d’Liewe besonnesch schwéier mécht. Verschiddener si konjunkturell wéinst der weltwäiter Reprise nom Lockdown. D’Offer kënnt der Demande net méi no, Liwwerkette sinn nach ëmmer gestéiert, Main d’oeuvre feelt an et gi logistesch Problemer.

An dann ass nach d’Ukrainkris, déi sech weider zouspëtzt. Kee kann hei aschätze wéi et mam Approvisionnement weidergeet.

Mee och onofhängeg vun der Pandemie a virun der Ukrainkris sinn d’Energiepräisser schonns duerch d’Transition environnementale a climatique an d’Luucht gaangen, seet de Carlo Thelen.

“Et ass evident, datt esouwuel fir d’Menagë wéi och fir d’Betriber déi Transition énergétique net zu engem Nulltarif wäert sinn. Dat huet d’Politik de Leit vläicht net genuch erkläert. Mee et ass evident, datt deen Iwwergang immens vill Investitioune kascht an dat ass och den Ament an dësen Tariffer mat dran.”

All déi genannten Effeten hunn en Impakt op d’Präisser, déi deels genausou d’Entreprisen, wéi och d’Konsumenten treffen. Besonnesch Entreprisen, déi net exportéieren, ginn d’Méikäschten duerch Präishaussen un d’Clientë weider. Fir d’Menagen ze entlaaschten, soll een d’Sozialtransferten, wéi d’Allocation de vie chère upassen, fënnt de Carlo Thelen. Bei de Betriber misst een da vu Secteur zu Secteur kucken:

Et si Betriber, déi kënnen e gudden Deel vun der Hausse vun den Energiepräisser an der Matière première weiderginn, an anerer kënnen dat net. Do muss ee kucken, spezifesch a cibléiert Hëllefen ze ginn. Wéi beim Covid, do huet de Staat jo och de Betriber, déi am meeschte concernéiert waren, iwwer de Chiffre d’affaires an hir Perte méi cibléiert gehollef. Dat kéint een och hei virgesinn. Ech denken awer och u steierlech Mesuren.

Et ginn awer och Dysfonctionnementer, déi just méi längerfristeg kënne beaflosst ginn. Zum Beispill misst déi europäesch Ofhängegkeet vun Amerika a China reduzéiert ginn. An och d’Energieversuergung misst méi diversifizéiert ginn. Ma de Generaldirekter betount nach, datt den Indexsystem misst ugepasst ginn:

“Dat ass eng Propositioun, déi d’Chambre de Commerce scho laang mécht. Wou mer gemierkt hunn, datt ee méi muss vun Developpement durable an Nohaltegkeet schwätzen. Mir hu festgestallt, datt eisen Indexsystem net méi adaptéiert ass, well dee gëtt einfach all Mënsch eppes. Jidderee gëtt do entschiedegt, mee mer wëlle jo duerch déi Transition énergétique evitéieren, datt d’Leit incitéiert ginn, fir nach méi Petrolsproduiten oder schiedlech Produiten, wéi Alkohol oder Tubak, ze konsuméieren. Dofir hu mir schonn ëmmer gesot, et muss een e Panier durable aféieren.

Leit, déi dann zum Beispill op hiren Auto ugewise sinn, missten iwwer Sozialtransferten entschiedegt ginn.Fir d’Entreprisë wieren nämlech 2 Indextranchen an engem Joer net ze vertrieden. Dëst géing hinnen d’Previsibilitéit huelen, soudatt se keen effikasse Budget kéinten opzestellen. Doduerch géing de Lëtzebuerger Betriber en Deel vun hirer Kompetitivitéit verluer goen.

De Carlo Thelen geet net dovunner aus, datt d’Inflatioun virum nächsten oder souguer dem iwwernächste Joer nees op en normalen Niveau kënnt. Et misst een elo kuerzfristeg reagéieren, datt d’Betriber net nach méi an d’Laberente kéimen.

Back to Top
CIM LOGO