Petitioun an der ChamberBezuele mat Boergeld gëtt net an der Verfassung verankert

Annick Goerens
An der Chamber war e Mëttwoch de Moien eng ëffentlech Debatt, déi vill Leit dierft interesséieren...
© RTL Archiv

Petitioun iwwert d’Boergeld - Reportage Annick Goerens

D’Petitioun 2504 fuerdert nämlech, dass d’Recht fir Bor ze bezuelen op eng illimitéiert Aart a Weis soll an d’Verfassung verankert ginn. Se gouf vu 5.092 Leit ënnerschriwwen.

Mat Boergeld ze bezuelen, soll weiderhi méiglech bleiwen, dat war eng vun de Conclusioune vum Debat an och eigentlech de Kär vun der Fuerderung vum Petitionär Jorge Manuel Dos Santos Simões: “Bien que les paiement numéraires soient de plus en plus utilisés, j‘en fais moi-même régulièrement usage, les espèces restent indispensables. Elles constituent la seule forme de monnaie qui peut être utilisée directement par chacun d‘entre nous. Les espèces garantissent autonomie, respect de la vie privée et inclusion sociale d’une population socialement vulnérable. Nous devons pas oublier que tout le monde n’a pas encore accès à toutes les nouvelles technologie. De plus les espèces sont vulnérables à la cybercriminalité.”

Et huet sech awer erausgestallt, dass verschidde Punkten dem Petitionär sou net bewosst waren. Notamment d’Fuerderung, fir dierfe mat illimitéierte Montanten ze bezuelen. Do géing sech d’Fro stellen, wéi ee Blanchiment , illegal Geschäfter an d’Finanzéierung vum Terrorismus soll evitéieren, sou den Deputéierten André Bauler: “Do ass jo e Problem vun Traçabilitéit, wann ee mat der Wallis kënnt, wann ee mam Sak Boergeld kënnt. An anere Wierder: Wéi kann een dat dann evitéieren?”

Den Deputéierte Mars Di Bartolomeo: „Ech mengen och net, dass et an der Absicht war vun de Petitionären, fir kënne mat enger Wallis een Haus oder eng Lamborghini ze kafen, mee am alldeegleche Liewe kënne mat Boergeld ze bezuelen.“

Den Deputéierte Laurent Mosar huet erkläert, firwat et a sengen Aen net gutt wier, fir de Prinzip, fir dierfe mat Boergeld ze bezuelen, an d’Verfassung ze verankeren: “Fir d‘alleréischt, ech mengen, dass mer hei net méi an der Kompetenz vun de nationale Staaten sinn. Hei si mer an der Kompetenz vun der Europäescher Unioun. Dat heescht, souguer wa mer dat wéilte maachen, géing dat mol guer net goen, well dat géing géint den Europäeschen Traité verstoussen.”

Donieft hätt d’Europäescht Geriicht schonn dozou een Urteel gesprach an och am Lëtzebuerger Code Penal fënnt sech dat erëm, erkläert d’Finanzministesch Yuriko Backes: „D‘Refuséiere vum Boergeld ass laut dem Lëtzebuerger Code Pénal, dem Artikel 5.5.6. strofbar“.

Deementspriechend hunn d‘Bierger d‘Recht, fir mat Boergeld ze bezuelen. Bei engem Refus kann eng Strof tëscht 25 an 250 Euro spillen.

Back to Top
CIM LOGO