
Nodeems an de leschte Méint Bierger an interesséiert Gruppe consultéiert goufen, soll et elo an d’Dialog-Phas goen. Iwwert d’Online-Plattform “schwätz mat” waren iwwer 2.000 Bäiträg vu Bierger erakomm. Déi goufen ausgewäert an e Freideg verëffentlecht.
2.022 Bäiträg vun am Duerchschnëtt ongeféier 400 Zeeche sinn iwwert den Internetsite erakomm - méi wéi 500 Zeeche konnt een allerdéngs och net aginn. D’Bäiträg goufe vun der Consulting-Firma “Snakke & Co” ausgewäert an awer och integral verëffentlecht. Op Basis vun de Bäiträg goufe fir d’Analys Kategorië vu Propositiounen definéiert.
Bei der Auswäertung goufen 3 Haapttheme festgestallt: Gerechtegkeet, Nohaltegkeet an Upassungsfäegkeet. Engersäits géingen d’Leit eng Ongerechtegkeet tëschent dem ëffentlechen a private Secteur gesinn, anerersäits wier awer och d’Generatiounegerechtegkeet en Thema. Bei der Nohaltegkeet géing et esouwuel ëm déi finanziell wéi déi ökologesch goen. D’Leit géinge sech dann och wënschen, datt den Antrëtt an d’Pensioun méi individuell kéint ugepasst ginn, virun allem wann een e Beruff mécht mat enger méi grousser kierperlecher Belaaschtung.
Dem Rapport no wieren 30 Prozent vun de Leit, déi sech abruecht hunn, fir eng Erhalung vum aktuelle System mat just punktuellen Upassungen, 25 Prozent fir gréisser Verännerunge bei deenen d’Grondstruktur vum System awer erhale bleift an 20 Prozent fir eng grondleeënd Reform mat strukturellen Ännerungen.
An zwee Fäll gouf dee selwechten Text méi heefeg vu verschiddene Leit erageschéckt. Dat géing warscheinlech dorop zréckgoen, datt verschidden Organisatiounen en Opruff gemaach hunn, fir matzemaachen, heescht et am Rapport. Dat waren éischtens 57 identesch Bäiträg zu Nohaltegkeetsfroen:
“De Lëtzebuerger Pensiounssystem muss net nëmmen eis Pensiounen, mee och eis Ëmwelt an eise Planéit schützen. Ech erwaarden dofir, datt d’Regierung am Kader vun der Pensiounsreform dofir suerge muss, datt de Pensiounsfong (Fonds de Compensation, FDC) seng Reserven no
strengen Nohaltegkeetscritèren an zum Wuel vun den zukünftege Generatiounen investéiert. Keng Benefisser fir meng Pensioun op Käschte vu Klimaschutz a Mënscherechter!”
Zweetens goufen et 734 identesch Bäiträg zum Thema Ofsécherung vum System:
“Déi finanziell Lag vum allgemenge Rentenversécherungssystem ass aktuell „zimmlech komfortabel“ (cf. IGSS) & d’Reserven steigen. Amplaz Leeschtungen ze verschlechteren, kënne mir, falls noutwenneg, d’Rentereserven notzen & no zousätzleche Recette sichen. Ech schléisse mech der Positioun vum OGBL an LCGB un: D‘allocation de fin d’année & de Reajustement vun de Pensiounen & d’Mindestrent mussen däitlech ugehuewe ginn. De Rentesystem muss fir JIDDEREEN geséchert ginn.”
Bei der qualitativer Analys wieren dës identesch Bäiträg nëmmen ee Mol gerechent ginn, bei der quantitativer sou heefeg, wéi se agereecht goufen.
D’Argumentatioun an de Bäiträg war ënnerschiddlech, deels méi allgemeng an deels awer och méi op d’eegen Erfarung baséiert, wéi dëse Bäitrag fir d’Erhéije vun der Mindestrent:
“Ich bin Rentner und erhalte eine Rente, die unter dem Mindestrente liegt. Ich glaube, dass meine derzeitigen finanziellen Mittel eine aktive Teilnahme am Kultur- und Freizeitsystem nicht zulassen. Derzeit verbringe ich mehr Zeit im Ausland, wo ich über mehr Ressourcen verfüge. Dies ist sicherlich ein Nachteil für das wirtschaftliche Umfeld Luxemburgs.”
An der zweeter Phas vun der Pensiounsdebatt, der sougenannter “Dialog"-Phas, sollen d’Bierger sech och nach weider kënnen online abréngen, zu konkrete Froen zu verschiddenen Themen. Donieft sinn Experteronne virgesinn.
Nieft der Biergerconsultatioun hat d’CSV-Sozialministesch Martine Deprez och zwielef Reunioune mat interesséierte Gruppe wéi Gewerkschaften, Patronatsverbänn, Nohaltegkeetsrot a Jonken, an et gouf eng ëffentlech Debatt an der Chamber. Compte-Renduen dovu fënnt een och um Site “pensioun.schwätzmat.lu”.