
Dowéinst dierft et zu enger méi ugespaanter Situatioun am Trafic kommen. E Méindeg gouf de Projet de Bierger op engem Informatiounsowend presentéiert.
Net manner wéi 600 Still hat déi Beetebuerger Gemeng am Centre sportif bereetgestallt. Ma dat waren der nach ëmmer net genuch, sou datt sech eng Partie Leit uewen op d’Gradinen oder op Bänke laanscht d’Maueren hu musse sëtzen. No der Presentatioun konnte si Froe stellen, respektiv Ureegunge ginn. D’Stëmmung war dobäi alles anescht wéi aggressiv, eng gewëssen Onsécherheet, respektiv Skepsis, konnt een awer bei enger Partie Froen eraushéieren. Zum Beispill mat Bléck op den Zäitplang. D’Bréck gëtt de 15. Mäerz gespaart, dat neit Bauwierk, dat 148 Meter laang gëtt an 18 Milliounen Euro kascht, soll spéitstens am Mee d’nächst Joer ganz opgoen. Ronn 13.000 Gefierer fueren op engem normalen Dag iwwert d’Bréck. D’Trottoire gi méi breet, sou datt Foussgänger a Vëlosfuerer méi Plaz hunn. D’Aarbechte ginn an e puer Phasen duerchgefouert. Déi éischt dauert vum 15. Mäerz bis den 13. Juli. Vum 13. Juli bis den 12. August ass d’Gare komplett zou, an deem Zäitraum wäerten also keng Zich zu Beetebuerg ukommen oder fortfueren. Déi nächst Phas geet da bis Enn des Jores. Am Mee d’nächst Joer soll déi nei Bréck da ganz opgoen.
Fra aus dem Publikum: “Comment vous allez-vous assurer, que les délais, que vous nous avez annoncé, vont être respectés? Parce que si on prend d’autres travaux dans la ville, ils ont duré bien plus longtemps que ce qui était annoncé et ça a créé beaucoup plus de pénibilités pour chacun d’entre nous. Donc voilà, comment vous allez vraiment nous garantir, en tout cas faire le nécessaire, pour que les délais soient respectés?”
De Laurent Wolter vun de Ponts et chaussées huet no der Versammlung dëst dozou gesot.
“Mir hunn ee ganz sportlechen Timing gewielt, fir och einfach d’Leit net ze vill ze schikanéieren domadder. Mir wäerten och alles derfir maachen, fir deen Timing anzehalen. Mir wäerten esouguer aner Chantieren eventuell no hanne verleeën oder och esouguer stoppen, fir deem heite Prioritéit ze ginn.”
D’Meenung tëscht deene Responsabelen an de Bierger goung och auserneen, wann et drëm goung, wéi sech d’Verkéierssituatioun entwéckelen dierft.
“Ech schwätzen hei natierlech nëmme vun Trafic, deen eppes a Beetebuerg verluer huet. Transitverkéier soll d’office op der Autobunn bleiwen an och net rausfueren” (Laachen) “Ech kann Iech lo och nëmmen d’Theorie soen.”
De Laurent Wolter wëllt den Automobilisten op alle Fall net ze vill entgéintkommen.
“Wann ech hinnen all Kéiers gerecht ginn a soen, hei ech baue lo eppes ëm, ech bauen eng Insel wech, ech bauen ee Rond-point dohinner, wäert et rëm weider Trafic unzéien an dat wëlle mer net maachen. Da mussen eben dann zu deene gewëssen Auerzäiten heiansdo puer Autoen am Stau stoen.”
Et setzt een drop, datt et am Ufank chaotesch gëtt an d’Leit dono ee Bou ronderëm Beetebuerg maachen. Zum Schluss vum Owend huet de Buergermeeschter Laurent Zeimet dann nach probéiert, der Saach eppes Positives ofzegewannen. Et wier e Generatiounsprojet an et sollt een et genéissen, deem seng Realiséierung matzëerliewen. Wann a 50 Joer eng nei Bréck gebaut muss ginn, dierften déi meescht am Sall nämlech dout sinn, esou de Gemengepapp.
Beetebuerg: Zolitte Schantje blockéiert den Trafic vu Mäerz un an dat iwwer Méint (15.1.24)