Gemengefusioun dierft an d'Box goenBiissen, Colmer-Bierg a Viichten gi wuel net zesummen

Marc Hoscheid
Virun engem knappen hallwe Joer hat d'Gemeng Viichten eng Fusioun mat den Nopere vu Biissen an d'Spill bruecht.
© RTL Archiv

Déi waren net onintresséiert, ma wollten am léifsten och nach direkt Colmer-Bierg mat an d’Boot huelen. Well ee sech do awer gutt Zäit loosse wëll, kéint déi ganz Fusioun platzen.

Net-Gemengefusioun Biissen, Colmer-Bierg a Viichten - Reportage Marc Hoscheid

Et wier een zwar net prinzipiell dogéint, ma an dëser Legislaturperiod wéilt een eng Fusioun awer net ugoen. Dat hat d’Mandy Arendt, Buergermeeschtesch vu Colmer-Bierg, Enn d’lescht Woch schonn am “Tageblatt” gesot an huet et RTL op Nofro hi confirméiert. Et missten eng ganz Partie Froen am Virfeld gekläert ginn, virun allem, ob d’Bierger iwwerhaapt eng Fusioun wëllen. D’Mandy Arendt schwätzt sech also fir een interne Referendum an der Gemeng Colmer-Bierg aus, iert een iwwerhaapt mol iwwert eng Fusioun schwätzt. Dat ass éischter ongewéinlech. Dat kéint och dorunner leien, datt si selwer eng Fusioun éischter skeptesch gesäit.

“Ech menge Colmer-Bierg verléiert doduerch och e bëssi seng Identitéit, vu que datt ee jo fusionéiert. Wéi mer dann heeschen, sief et Col-Bi, dat wësse mer jo nach net de Moment. Mais do muss ee ganz kloer d’Leit einfach froen, wat se iwwerhaapt dovunner halen. Well mir hunn näischt dervun, wann do eng Decisioun geholl gëtt an d’Leit sinn dono doudonglécklech, well se soen, Colmer huet virdru gutt funktionéiert, firwat musse mir lo op Biissen op eis Gemeng fueren.”

De Biisser Buergermeeschter David Viaggi ass iwwerrascht, datt een zu Colmer-Bierg esou zeréckhalend a Saache Fusioun ass. Vum viregte Schäfferot wiere positiv Signaler komm. Et ass ze héieren, datt och ee Member vum aktuelle Schäfferot enger Fusioun méi oppe géigeniwwer gestanen hätt, mee mëttlerweil op d’Linn vun der Buergermeeschtesch gewiesselt ass. Fir den David Viaggi steet duerch den Nee vu Colmer-Bierg och d’Fusioun mat Viichten virum Aus.

“Ech hunn dem Här Recken och ganz kloer gesot, datt mir natierlech oppe si fir eng Fusioun an datt mer natierlech mat hinnen och déi ganz Etappen an Iwwerleeunge gefouert hunn. Mee ech hunn awer och ganz kloer gesot, datt a mengen Aen Colmer derzougehéiert.”

Den ugeschwate Luc Recken ass de Buergermeeschter vu Viichten. Him no huet den David Viaggi net gesot, wat passéiere géing, wa Colmer-Bierg net wëllt. Sollt et näischt mat Biissen ginn, wier een och oppe fir een Zesummegoe mat engem aneren Noper. Sue géingen iwwerdeems keng Roll dobäi spillen.

“Also finanziell wëll ech mol ganz kloer soen, si mer op Keen ugewisen. Mir hunn eis Finanzen nach ëmmer am Grëff. Mir hunn momentan eng Pro-Kapp-Verschëldung, déi ënner 2.000 Euro läit. Et ass bei ville Leit d’Meenung, mir géingen et wéinst de Sue maachen, mee dat ass net de Fall.”

Vun deene weidere méigleche Partner huet Mäerzeg allerdéngs schonn ofgewonk. Bleiwen also nach Groussbus-Wal, Préizerdaul, Useldeng an Helperknapp.

Back to Top
CIM LOGO