Cellulose amplaz PlastikBIOG klëmmt op kompostéierbar Verpackungen ëm

RTL Lëtzebuerg
Weltwäit gi pro Joer op d'mannst 400 Milliounen Tonne Plastik produzéiert. Vill dovu gëtt als Verpackungsmaterial benotzt.
© BIOG

Besonnesch d'Entsuerge vum Plastik an den opwennege Recycling, deen domat verbonnen ass, ass zu engem grousse Problem ginn. An deem Kader huet sech BIOG elo entscheet, op eng méi ëmweltfrëndlech Verpackung zeréckzegräifen.

D'Cellulose-Verpackung vu BIOG gëtt an Däitschland hiergestallt an ass kompostéierbar. De Rostoff staamt aus Rescht- an Offall-Holz aus enger zertifiéierter Forstwirtschaft. De Virdeel vun den Emballagen aus Cellulose ass, dass se Doheem kënne kompostéiert an an d'Bio-Tonn gehäit ginn. Ënner normale Bedéngunge vun engem Haus- oder Gaardekompost dauert d'Zersetzung ongeféier 42 Deeg, schreift BIOG.

Iwwer 1 Joerzéngt schafft BIOGROS schonn un Alternativléisunge fir Plastik. Netzer, an deene Mandarinnen oder Zitroune verpak ginn, si schonn zanter ronn 5 Joer aus Cellulose. Bei Äppel oder Biere gi schonn zanter Jore Verpackungen aus Pabeier benotzt.

Méi Informatioune kënnen am Communiqué oder op www.biog.lu nogelies ginn.

© BIOG

Back to Top
CIM LOGO