Mëttlerweil feelt et der Anlag, déi aus dem Joer 1980 staamt an e Volume vu 69 Kubikmeter huet, u Kapazitéit. Am Joer 2016 gouf dofir d'Decisioun getraff, d'Anlag auszebauen. Am Mäerz dëst Joer gouf mam Ausbau ugefaangen. Déi nei biologesch Anlag kënnt spéider op e Volume vu 600 Kubikmeter.
1,5 Joer daueren d'Ausbau- an d'Moderniséierungsaarbechte vun der Kläranlag zu Angelsbierg. E Kanalstauraum vun 80 Kubikmeter gëtt elo gebaut. Dofir brauch et ënnert anerem Réier vun 2 Meter Duerchmiesser.
Déi nei Anlag ass spéider net méi mat der aktueller ze vergläichen. 5,5 Milliounen Euro kascht dëse Projet. 2 Millioune leet de Staat bäi, de Rescht gëtt vun de Gemenge Fëschbech a Miersch bäigesteiert.