StatecBis 2070 kéinten eng Millioun Leit am Grand-Duché liewen

RTL Lëtzebuerg
An hiren neiste Previsioune geet de Statec dovunner aus, datt d'Migratioun den Haaptmotor fir dëse Wuesstem ass.

Lëtzebuerg wiisst ëmmer weider. Bis 2070 kéint de Grand-Duché 1 Millioun Awunner zielen. Dat geet aus de neisten demographesche Projektioune vum Statec ervir. Bis 2050 géing d'Populatioun weider staark wuessen an duerno géing de Wuesstem no an no zeréckgoen, mengt och Eurostat.

D'Migratioun ass, genee wéi déi lescht Joerzéngten, den Haaptmotor fir dëse Wuesstem. Bis 2070 soll dann och d'Liewenserwaardung eropgoen. Fraen dierften dann am Schnëtt 90,3 Joer al ginn a Männer 86,7. D'Bevëlkerung gëtt deemno ëmmer méi al. Haut wier d'Altersstruktur nach relativ equilibréiert duerch déi staark Immigratioun aus de leschte Joerzéngten. Bis 2070 wäert sech dat awer änneren.

Den Duerchschnëttsalter vun der Bevëlkerung kéint vun haut ronn 40 Joer op 46 bis 48 Joer klammen. Dat léich natierlech och dorun, dass d'Fraen hei am Land manner Kanner kréien. Bis 2070 rechent de Statec mat 1,5 Kanner pro Fra, dat wier eng liicht Hausse. Haut läit een bei 1,2. Mee fir den sougenannte "Generatiounsersatz" bräicht et 2,1 Kanner pro Fra.

Back to Top
CIM LOGO