Centre d’Appui Logistique et TechniqueZu Miersch entsteet bis 2030 dat neit Häerzstéck vum CGDIS

Chris Meisch
De CGDIS huet zesumme mam Inneministère de Projet um Mierscherbierg presentéiert. D‘Aarbechten hunn ugefaangen a bis Enn 2030 soll de Projet fäerdeg sinn.
© Chris Meisch

Neie CALT vum CGDIS - Reportage Chris Meisch

Fir bei enger Katastroph méi séier an effikass kënnen z‘intervenéieren, brauch et modern Infrastrukturen an eng gutt organiséiert Krise-Logistik. De CGDIS huet an deem Sënn, zesumme mam Inneministère, de Projet vum neie „Centre d’Appui Logistique et Technique“ presentéiert. Mat dësem wëllt de CGDIS seng logistesch an technesch Infrastrukturen op engem Site zentraliséieren a moderniséieren, fir a Krisen an am Noutfall méi séier, effizient an onofhängeg kënnen ze reagéieren.

Miersch wier de geographeschen Zentrum vum Land an domat déi optimal Plaz fir séier am ganze Land kënnen ze intervenéieren an d’Zerwisser effikass ze koordinéieren, erkläert de Sven Viktor, Chef vum Département Bâtiment vum CGDIS. Zu Miersch sollen op iwwer 18.000 Quadratmeter Equipementer, d‘Direktioun vun der Logistik an de Service vun der Maintenance vun de Gefierer ënnerbruecht ginn.

„Mir hunn am neie Centre d‘appui logistique et technique iwwergräifend Atelieren, wou mir wierklech quasi alles kënnen op enger Plaz realiséieren. Dat heescht, dat geet vum contrôle de qualité bis hin zum contrôle technique, dee mir op der Plaz kënne maachen. Doduerch, dass mir de facto all Operatioun op engem Site hunn, verkierze mir drastesch d‘Interventiounszäit op de Gefierer an doduerch kënne mir eis capacité operationelle och méi héich halen.“

Zu Miersch entsteet bis 2030 dat neit Häerzstéck vum CGDIS
De CGDIS huet zesumme mam Inneministère de Projet um Mierscherbierg presentéiert. D‘Aarbechten hunn ugefaangen a bis Enn 2030 soll de Projet fäerdeg sinn.

D’Erfarunge vun der Pandemie hätte gewisen, datt de Besoin u Kriselogistik an technesche Kapazitéiten däitlech zougeholl huet, erkläert den Inneminister Léon Gloden. Dëse Centre d‘Appui logistique ass Deel vun der nationaler Resilienz-Strategie, fir am Fall vun enger Katastroph adequat kënnen z‘intervenéieren.

„Et ass wichteg, dass mir niewent der Ëmsetzung vun der Strategie, niewent der Preparatioun, vun där Biergerinnen a Bierger och déi néideg Logistik hunn, déi néideg Equipementer. Hei ass ee grousse Baustee vun der nationaler Strategie, een anere wichtege Baustee wäert den RESC-LU sinn, wou mir eng Unitéit bei de Pompjeeë schafen, déi och Equipement uschafe fir d‘Gemenge logistesch z‘ënnerstëtzen.“

D’Käschte vum Projet leie bei ronn 110 Milliounen Euro. Finanzéiert gëtt de neie Centre vun der Europäescher Investitiounsbank an der Spuerkeess, déi all Kéiers 55 Milliounen Euro bäisteieren. Et ass den éischten ëffentleche Projet zu Lëtzebuerg, deen esou kofinanzéiert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO