PetitiounenBis elo 26 Stéck mat méi wéi 4.500 Ënnerschrëften

RTL Lëtzebuerg
An de 6 éischte Méint vun 2018 gouf am Duerchschnëtt all Schaffdag eng Petitioun deposéiert. Déi meescht Signature krute Sprooch, Kanner, Kierchefabricken.

Zënter bal 4 Joer funktionéieren elo déi ëffentlech Petitiounen. D'Zil war méi eng grouss Biergerbedeelegung beim politesche Prozess. Haut kann ee soen: Den neien Online-System huet ageschloen ewéi eng Bomm, méi ewéi 750 valabel Petitioune goufen eragereecht, honnertdausende Mol gouf ënnerschriwwen, 26 Mol gouf et en Débat public am Chamberplenum an zum Deel goufen et effektiv politesch Suitten.

D'Nadine Gautier kuckt mam éischte President vun der Peitiounskommissioun Marco Schank zeréck.

Petitiounen: Rep. Nadine Gautier

Politesch Participatioun per Mausklick, dorop schéngt de Bierger gewaart ze hunn.

Déi normal Petitiounen hu sech schwéier gedoen, bannent 70 Joer waren et der grad emol 330, also ronn 5 d'Joer. Zënter datt et d'Online-Instrument elo gëtt, ginn d'Zuelen duerch de Plafong:

"Datt d'Leit esou géife profitéieren, dat, mengen ech, wousst keen. Ech hu mol eng Kéier ausgerechent, 2018 déi 6 éischt Méint do ass all Schaffdag eng Petitioun deposéiert ginn an der Moyenne", seet den CSV-Deputéierte Marco Schank, deen d'Presidence vun der Petitiounskommissioun rezent un d'Fraktiounskollegin Nancy Kemp-Arendt weider ginn huet.

Verschidde Saache ginn net!

Wa gewëss Basis-Konditiounen erfëllt sinn, ka jiddereen, dee wëll, eng Iddi erareechen. An der Kommissioun gëtt da mat enger Check-Lëscht gekuckt, ob d'Form stëmmt, zum Beispill bei der Sprooch. Wat de Contenu ugeet, hält ee sech raus, natierlech gëtt et awer Limitten:

"Mir kucken selbstverständlech awer, ob déi Petitiounen net diskriminéierend sinn, dat ass ee ganz wichtege Punkt. Datt si kee beleidegen."

All Zort vu Rassismus oder Sexismus zum Beispill gëtt refuséiert.

Wärend 42 Deeg kann um Site vun der Chamber fläisseg ënnerschriwwe ginn, 4.500 Ënnerschrëfte gi gebraucht fir en ëffentlechen Debat um Krautmaart, 26 Petitiounen hunn dat bis ewell fäerdegbruecht.

Uewen um Podium steet d'Petitioun 698, déi Lëtzebuergesch als Amtssprooch verlaangt huet: "Do war och de System vun der Chamber, mengen ech, déi eenzeg Kéier zesummegebrach, well ze vill Leit déi wollten ënnerschreiwen an déi hat dann och am Endeffekt 14.500 Ënnerschrëften."

Eng Petitioun, déi eng Base légale fir Installatioune fir handicapéiert Kanner verlaangt huet, krut ronn 13.000 Ënnerschrëften, déi fir d'Erhale vun de Kierchefabricke knapp 12.000.

Suitten an Adaptatiounen

Op Basis vu Petitioune gouf et wuel politesch Suitten, zum Beispill beim Thema Sprooch, beim Déiereschutz oder beim Tiers payant, "dee jo dunn och vill debattéiert gouf, ech mengen, datt d'Dokteren och forcéiert goufen ze regéieren, déi si jo lo net esou frou, zumindest hir Associatioun, ma do ass awer elo däitlech am Koalitiounsofkommes, wat soll passéieren".

Wat eng Petitioun méi mediatiséiert gëtt, wat se méi ënnerschriwwe gëtt, esou nach de Marco Schank.

Et goufen och eng Rëtsch Evolutiounen an de leschte knapp 4 Joer. Nieft den elektroneschen Ënnerschrëfte sinn elo och déi op Pabeier zougelooss an et kann een déi ëffentlech Petitioun entretemps och op Pabeier deposéieren.

D'Tribüne bei den ëffentlechen Debate goufen opgemaach.

Da gëtt och duerno nogefrot, bei de Petitionären, ob dës zefridde waren.

Och bei der Regierung gëtt e Retour gefrot: "Wat hutt Dir gemeet? Hutt Dir dat gemeet, wat Dir versprach hat an deenen ëffentlechen Debaten?"

Minimum 4.500

Datt een iwwer de Seuil vu 4.500 Ënnerschrëften diskutéiere kann, geséich d'Chamberkommissioun och esou: "Am Ufank huet en héich geschéngt, allerdéngs doduerch, datt mer dunn och Ënnerschrëften op Pabeier zougelooss hunn, ass e guer net méi esou héich. Mir hunn zwee- oder vläicht esouguer dräimol driwwer diskutéiert, ma mir hunn du gesot, mir loossen de Seuil elo sinn."

... wat net heescht, datt net an Zukunft nach eppes doru ka geännert ginn.

Back to Top
CIM LOGO