3 modern WandriederBis Enn vum Joer soll de "Wandpark Ärenzdall" a Betrib geholl ginn

Pierre Jans
Dat sinn am Ganzen dräi modern Wandrieder, déi den Ament opgeriicht ginn.
Bis Enn vum Joer soll den neie Wandpark Ärenzdall komplett a Betrib geholl ginn
Dat sinn am Ganzen dräi modern Wandrieder, déi den Ament opgeriicht ginn.

Am Komplizéiertsten ass et, déi néng Flilleken op d’Plaz ze kréien. Dofir sinn opwänneg Spezialtransporter néideg. Um Mëttwoch war deen éischten Depart.

Um Lënster Bierg dierfen d’Flilleken tëschegelagert ginn.

Do gi se op e sougenannte „Bladelifter“ gelueden. Eng motoriséiert Remork, déi deen eppes iwwer 55 Meter laange Flillek selwer héichhiewe an dréien kann fir och duerch enk Kéieren ze kommen.

Annerhalleft Joer am Viraus goufen Etüde gemaach, fir dësen Transport ze plangen an d’Streck huet missen preparéiert ginn, wéi de Jan Keiser erkläert, dee bei der Firma Transpalux fir d’Logistik zoustänneg ass: „Relativ vill Beem hu missen zeréckgeschnidde ginn. D’Maschinn hieft de Fligel héich an dofir muss no uewen Plaz sinn, fir dass keng Schréipsen entstinn.“Virun allem d’Kéier am Blummendall fir erop op Reiland ass däreg. Hei muss de Flillek quasi ganz riicht gestallt ginn.

Fir déi 16, 17 Kilometer vu Jonglënster bis op déi eenzel Sitten vun den dräi Wandanlagen bei Eppelduerf sinn ëm 6 Stonnen ageplangt. De Verkéier gëtt vun der Motarde vun der Police gereegelt. Fir de Lëtzebuerger Operateur Soler ass et e groussen Ament. De Projet Wandpark Ärenzdall gouf schonn 2016 gebuer, erkläert den Direkter Paul Zeimet: „Zanterhier sinn all d’Etüde gelaf. Elo si mir frou, dass d’Flilleken ukommen an d’Tierm kënnen opgeriicht ginn. Op dësem Site ass et besonnesch flott, well mir fir d‘éischt eng Anlag mat engem intelligente Kamerasystem opriichten, déi Gräifvullen an der Géigend erkennt an d’Anlag da lues a lues erof fiert.“

Um Site gëtt alles preparéiert, fir déi 206 Meter héich Anlag zesummenzesetzen – wann d‘Flilleken da bis do sinn.

Den Soler-Ingenieur Maxime Kauff: „Et geet dorëms, dass de Kran just eemol muss kommen. Dofir sollen déi eenzel Baudeeler op der Plaz sinn, fir se hei kënnen opzeriichten.“

Enn dës Joers kann dëse Wandpark domat ufänken, an der Moyenne 24 Millioune Kilowattstonnen pro Joer ze produzéieren. Stroum fir ongeféier 5.400 Stéit. Am Ganzen wären et dann am Grand-Duché net grad 478 Millioune Kilowattstonnen d’Joer vun den am Ganzen 73 Wandanlagen.

Den Direkter vu Soler Paul Zeimet: „Enn vun dësem Joer steet dann eng Anlag manner am Land ewéi nach 2020, awer 50 Prozent méi installéiert Leeschtung.“

Pro Woch ginn elo dräi Flilleken transportéiert. Dat heescht, dat Spektakel kann ee sech nach e puer mol ukucken bis Enn August. Am Auto muss een op der Streck tëscht Jonglënster an dem Ärenzdall moies dann awer eventuell och e puer Minutte méi aplangen.

Back to Top
CIM LOGO