Google zu BiissenBis zu 300 Aarbechtsplaze kéinten entstoen, esou Buergermeeschter

Kevin Kayser
2 Joer scho gëtt iwwert de Megaprojet vu Google zu Biissen geschwat, dee sech op engem Terrain vu 34 Hektar soll néierloossen.
Google Datazenter zu Biissen: Gemengerot hëlt Vott den 20.06
Wéi vill Waasser a Stroum Google wäert verbrauchen, ass net gewosst. Eenzeg bekannten Zuel: 300 Aarbechtsplaze sollen hei entstoen.

Den 20. Juni soll de Gemengerot den 2. Vott iwwert d’Ëmklasséierung vum 34 Hektar groussen Terrain huelen, an eng „Zone Datazenter.“ 300 Leit solle bei Google schaffe kommen, seet de Buergermeeschter vu Biissen Jos Schummer.

Extrait Jos Schummer

Nach ëmmer ginn et awer keng Prezisioune wat de Stroum- a Waasserverbrauch vun dem Recherchezenter ugeet. Sécher ass awer, datt en enorm ass. Déi Informatioune géif Google eréischt liwweren, wann de PAG definitiv gestëmmt wär. De PAP, déi nächst Etapp also, géif spéitstens an engem Joer fäerdeg sinn, hofft de Buergermeeschter, an da kéint Google ufänke mat Bauen. Am PAP sollen awer och déi Saache mat verschafft ginn, déi de Leit vu Biissen versprach gouf. De Recherchezenter soll progressiv an engem Zäitraum vun 10 Joer entstoen.

Back to Top
CIM LOGO