
Et kann een duerchootmen zu Lëtzebuerg. Um weltwäite Bluttspenderdag ass et virun allem e grousse „Merci“ vun der Croix-Rouge un all d'Spender
Nodeems ee Mëtt Mäerz en Opruff fir Bluttspende gemaach hat, wier een duerno bal vu Fräiwëllegen iwwerrannt ginn, esou d'Doktesch Andrée Heinricy,
„Et war eng Situatioun am Mäerz, wou mer net méi sécher woussten, wéi et weidergeet. Mir hu misse weiderschaffen, well nieft der ganzer Corona-Kris, sinn déi aner Pathologien awer nach ëmmer present. Blutt ass weider gebraucht ginn, wann och manner, wéi an normalen Zäiten. Trotzdeem war et wichteg, eis Spender weider ze mobiliséieren.“
An enger Period vu 14 Deeg hate sech kuerzfristeg esou vill nei Leit ageschriwwen, ewéi soss an engem Joer. Knapp 1.800 Persounen hate sech gemellt.
„Dat huet natierlech bedéngt, datt mer net alleguerten déi Leit, déi sech gemellt hunn, direkt konnte gesinn. Mir hunn dat missen op puer Wochen, respektiv e puer Méint, verdeelen. Wat awer och de Virdeel huet, datt mer déi Bluttproduitë méi laang zur Verfügung hunn.“
Fir neie Bluttspender ze ginn, muss een tëscht 18 a 60 Joer hunn. Nieft villen neie jonke Spender, déi dobäi kommen, waren awer och al Huesen nees mat dobäi.
„Ech spenden zanter 2006, haut ass et meng 47. Spend, déi ech bis elo gemaach hunn. Et kann ee jo sëlwer emol an d'Situatioun kommen, wou een op esou eng Bluttspend ugewisen ass, an et mécht een eppes fir d'Allgemengheet. Dat ass mer wichteg.“
Insgesamt sinn all Joers tëscht 13 a 14.000 Bluttspender zu Lëtzebuerg ageschriwwen. D'lescht Joer waren 19.000 Vollbluttspenden, déi gebrauch goufen, an ëm déi 2.500 Plasmaspenden. Beim Plasma gëtt et weltwäit nach e Mangel u Stock. Och Lëtzebuerg gi virun allem hei nach ëmmer fräiwëlleg Kandidate gesicht.
