
D’Sozialiste gewannen och 1 Sëtz. E Sonndeg den Owend si sech béid Parteie schonn eens ginn, dass d’Rolle souzesoen ausgetosch ginn.
D’LSAP gewënnt ee Sëtz an ass domat gläich mat der CSV. Béid Parteien hu jeeweils fënnef Sëtz. D’DP kritt zwee Sëtz, déi Gréng verléieren ee Sëtz a kommen op een. Domadder kéint déi aktuell Koalitioun CSV/LSAP weidergefouert ginn, mee béid Parteien kéinte sech theoretesch och mat der DP zesummendinn. Um Walowend si sech d’LSAP vum Meeschtgewielte Bob Steichen an d’CSV vum aktuelle Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf awer schonn eens ginn, dass Ettelbréck en neie Gemenge-Papp kritt.
D’Freed war deementspriechend grouss, wéi den LSAP-Spëtzekandidat Bob Steichen zeréck bei seng Partei op den Ettelbrécker Camping koum a verkënnegt huet, dass hien déi nächst 6 Joer Ettelbrécker Buergermeeschter gëtt. Nodeems d’Resultat publizéiert gouf, waren déi aktuell Koalitiounspartner CSV an LSAP schonn an der Gemeng zesummekomm.
Bei der CSV war et eng Zidderpartie ginn. D’Tendenz huet sech schonn am spéiden Nomëtte gewisen, ma bis no 21 Auer huet et gedauert, bis dee leschte Walbüro ausgezielt war. Den aktuellen CSV-Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf hat doropshin direkt kloer Wierder fonnt. D’Kräfteverhältnis an der Koalitioun hätt sech verännert an dat misst een och respektéieren.
Eng Koalitioun mat der DP wier theoretesch méiglech, mee leschten Informatiounen no ginn déi aktuell Koalitiounspartner CSV an LSAP an déi 5. Legislaturperiod. De Jean-Paul Schaaf huet confirméiert, dass d’Absicht do wier an een e Méindeg nach zu engem Accord wéilt kommen.
D’Resultater vun Ettelbréck am Detail.