Esch-UelzechtBrand an enger Hal an der Géigend vun der Kontrollstatioun

Kevin Kayser
Um Sonndeg de Mëtteg géint 17.30 Auer huet an der Rue Jos Kieffer zu Esch eng Hal gebrannt, wou eng Epicerie dran ass.
VIDEO: Feier zu Esch an der Géigend vun der Kontrollstatioun
Géint 17.30 Auer kruten den 112 e grousst Feier zu Esch gemellt.

Um Sonndeg am spéiden Nomëtteg krut den 112 e Groussbrand zu Esch an der Rue Jos Kieffer gemellt, dat direkt mat iwwer 20 Appeller. Net wäit ewech vun der Kontrollstatioun huet d'Hal vun enger Epicerie gebrannt. Zeienaussoen no soll et kuerz virdrun eng Explosioun ginn hunn. D'Feier war séier ënner Kontroll, esou datt keng Gefor fir d'Populatioun bestanen hat. D'Läschaarbechten hu bis an de fréien Owend gedauert.

Ufanks goufen d'Awunner aus der Ëmgéigend opgeruff, fir hir Dieren a Fënsteren zouzeloossen. Deen Opruff gouf awer géint 18.45 Auer opgehuewen. Wéi de CGDIS an hirem Communiqué matdeelen, wier keng Persoun beim Asaz blesséiert ginn.

Et ware 55 Pompjeeën mat am ganze 7 Ween am Asaz, datt vun de Corpse vun Esch, Diddeleng, Suessem-Déifferdeng, Schëffleng, Käerjeng-Péiteng a Monnerech.

VIDEO: Feier zu Esch
Eng Epicerie huet zu Esch um Sonndeg de Mëtteg gebrannt...

Back to Top
CIM LOGO