Esou datt déi aner Klinicke sech nees besser ëm all déi aner Patiente kënne këmmeren, déi an de leschte Wochen dach an den Hannergrond gerode sinn.
Mat sengem nationale Service vun den infektiéise Krankheete war de CHL als éischt Spidol mat den éischte Covid-19-Fäll befaasst. Ma duerch déi rapid Ausbreedung vum Virus hu séier och missen déi aner Klinicke sech ëmstellen. D’Iddi vun engem zentraliséierte Covid-19-Spidol hält den Direkter vum CHL, Dr Romain Nati fir realitéitsfern: "Et muss ee wëssen, et gi keng Covid-negativ-Spideeler, och keng Covid-negativ-Doktesch-Praxissen. De Virus ass iwwerall an der Gesellschaft. Mir wëssen, datt eng Partie Leit asymptomatesch sinn oder presymptomatesch sinn. An iwwerall, wou Patienten empfaange ginn, muss ee Mesuren huelen."
All Spidol misst deemno weiderhin eng Covid- an eng Non-covid-Filière hunn a sech un déi dach personalintensiv sanitär Moossnamen halen, esou de CHL-Direkter. D’Dokterschaft iwwerdeems kritiséiert déi getrennte Fluxen an de Spideeler. Si géifen déi alldeeglech Behandlungsméiglechkeeten extrem aschränken. Elo nach wären doduerch ganz OP-Raim condamnéiert. Och am Interêt vum Patient misst een e Wee fannen, fir déi zwou Filièren an de Spideeler op den Urgence-Beräich ze limitéieren, sou de Vize-President vun der AMMD, Dr Philippe Wilmes: "Mir hunn haut iwwer 20.000 Patienten, déi eng wichteg Ënnersichung oder eng wichteg Operatioun an de leschten 8 Wochen net gemaach kruten, déi mussen awer behandelt ginn. Mir kënnen déi net behandele mat 30% vun de Capacitéite vu virun der Kris, wou mer jo wëssen, dass virun der Kris d’Capacitéiten oft schonn net duergaange sinn."
Fir de Retard opzehuelen an och bei enger eventueller zweeter Covid-19-Well d’medezinesch Versuergung vu Covid- an non-Covid-Patienten ze garantéieren, bräicht een en nationaalt Konzept. Entweder an engem Spidol oder an enger Struktur, déi een nieft enger existenter Klinik opriichte kéint.
"Wéi se dat a China zum Beispill gemaach hunn. Do gëtt et jo Expertisen am Ausland, fir esou Saachen ze developpéieren, déi kéint ee sech siche goen, fir dat a Proximitéit vun engem Spidol ze maachen, an natierlech dann d’Exploitatioun vun der nationaler Struktur, déi gëtt dann zesumme vun de 4 Spideeler gemaach. Do ginn et flott Modeller hei zu Lëtzebuerg, wéi zum Beispill INCCI, wou e puer Spideeler eng gemeinsam Infrastruktur exploitéieren."
Fir esou e Konzept mat alle Bedeelegten op d’Been ze stellen, hätt een och eng Entrevue bei der Ministesch gefrot. Esou d’AMMD, et géif een op eng Réckmeldung waarden.
Fir den Dr Philippe Turk, nationale Coordinateur vun de Spideeler wärend der Covid-Kris, ass d’Konzept vun enger zentraliséierter Struktur sënnvoll, wa bis just nach wéineg Covid-Patienten hospitaliséiert sinn a maximal 10 op der Intensivstatioun leien. Doriwwer eraus, a besonnesch bei enger zweeter Well, missten nees méi Spideeler asprangen. Virop well Covid-Patienten op der Intensivstatioun eng héich technologiséiert a personal-intensiv Medezin erfuerdere géifen.
"Herno kënnt natierlech d’Fro, soll een op 2 Haiser konzentréieren amplaz op 4, dat ass awer alles op fir d’Diskussioun. A mir hunn och d'nächst Woch Rendez-vous mat der Ministesch an den Direktioune vun de Spideeler, fir doriwwer ze diskutéieren."
D’Federatioun vun de Spideeler huet awer e Méindeg schonn an engem Bréif un d’Gesondheetsministesch matgedeelt, datt een den Ament kee Besoin fir e Covid-19-Spidol geséich.
Am CHL iwwerdeems seet ee sech bereet, all d’Covid-Patienten aus dem Land ze regroupéieren, wann et der bis esou wéineg sinn, datt den nationale Service vun den ustiechende Krankheeten dat mat sengen 18 Better packe kann.
