Dat huet d’EU-Kommissioun am Kontext vum Ukrain-Krich an den domadder verbonnenen Enkpäss vu Kären an Déierefudder decidéiert. Zu Lëtzebuerg sinn et eng 250 Hektar Broochland, dat d’Baueren u sech net notzen dierfen, mee Planzen an Insekte virbehalen ass. 250 Hektar, déi sech op 1.500 Betriber verdeelen, gëtt de Luc Emering vun de Jongbaueren ze bedenken.
“Déi Decisioun ass elo och eréischt am spéide Fréijoer geholl ginn, esou datt déi Kulturen elo missten ëmgebrach ginn. Dat, wat do steet, misst verschwannen an et misst frësch geséit ginn.” Dat wier just schwéier méiglech. “250 Hektar op 115 Betriber ass quasi just eng Drëps op de waarme Steen a bréngt der Versuergungssécherheet national esou gutt ewéi guer näischt.”, erkläert de Luc Emering, de President vun der Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren.
Bauerenzentral begréisst Decisioun
Fir déi eng kee Surplus, fir déi aner e Schrëtt an déi richteg Richtung. Ma wann ee wéilt profitéieren, bréicht ee méi Zäit, fir ze plangen. Bei der Bauerenzentral begréisst een d’Decisioun op EU-Niveau, fir Broochland elo mol fräizeginn.
“Ech mengen, et muss ee kucken, a wéi engem Kontext d’Betriber plangen, fir hir Kulturen anzeséien. Mat 250 Hektar, déi fräi ginn, entstinn deemno nei Méiglechkeeten. Et ass e Schratt an déi richteg Richtung.”, mengt de Christian Wester, de President vun der Bauerenzentral.
Manner Biodiversitéit wärend enger Klimakris?
Et ass eng EU-Decisioun, déi e falsche Message am Kontext vun der Klimakris gëtt, bedaueren eng Rëtsch Organisatiounen, esou och de Jacques Pir vum Mouvement Ecologique. “Et muss ee kloer kucken, datt een trotz Krich d’Klimakris net vergësst. D’Landwirtschaft ass och responsabel fir en Deel vum CO2-Ausstouss. Mir hunn eng Biodiversitéitskris, 1 Millioun Planzen an Déiere si virum Ausstierwe bedreet. Ech mengen, datt et e schlecht Signal ass, datt mer déi Flächen elo ënnert de Plou huelen, déi am Fong dofir virgesi sinn.”
D’Marine Lefebvre vun SOS Faim weist sech och kritesch: “Et ass fir eis de komplett falsche Wee, Land, dat broochläit, nees fir d’Agrikultur opzemaachen. Dat läit schonn dorunner, datt déi Terrainen normalerweis aus engem Grond broochleien, well se net accessibel sinn oder e schlechte Buedem hunn. D’Konsequenz dovun ass, datt, wa se genotzt ginn, wéineg Ertrag bréngen, mee dofir d’Biodiversitéit an deem Eck zerstéieren.”
Neit Agrargesetz mécht Suergen
Um Terrain da mécht aktuell éischter dat neit Agrargesetz, dat vum nächste Joer u gëllt, Suergen. Besonnesch am Kontext vun der EU-Direktiv, déi am Januar a Kraaft trëtt a virgesäit, datt all Bauerebetrib mat méi wéi 10 Hektar Land, 4% vu sengen Agrarfläche net bewirtschaften dierf. Am Grand-Duché wieren dat eng 2.500 Hektar. Äusserst problematesch fënnt de Christian Wester vun der Bauerenzentral: “Ech mengen, mir wëssen, datt dëst Joer Käre wäerte feelen, mir wëssen nach net wéi dëst Joer d’Recolte wäert ausgesinn. Dat dauert nach e bëssen. Ech mengen, et wier an dëser Situatioun farlässeg, Terrainen einfach ongenotzt leien ze loossen.”
Ob déi 4%-Reegel wéinst dem Ukrain-Krich temporär op Äis geluecht wäert ginn, huet d’EU-Kommissioun nach net decidéiert. D’Jongbaueren hale vu vir eran näischt vun dëser Reegel, mee proposéieren, op dëse Fläche Leguminosen unzebauen.
Kontraproduktiv wier et, fir déi 4% “Greeningflächen” nees fir déi konventionell an energieintensiv Landwirtschaft fräizeginn, warnt de Mouveco. “Eigentlech geet et drëm, eis onofhängeg vum russeschen Ueleg an Äerdgas ze maachen. Fir Konschtdünger brauch een Äerdgas, fir Ammoniak ze maachen. Och fir Pestizide brauche mer Äerdueleg”, esou de Jacques Pir. 4% an enger konventioneller Landwirtschaft méi ëmzeplouen, wier, wéi wann ee géif méi Autoen op d’Strooss bréngen, fir u Bensin an Diesel ze spueren.
Un der Politik wier et, déi richteg Entscheedungen ze treffen, fir souwuel der Problematik vun der Versuergungssécherheet wéi och der Klimakris gerecht ze ginn.