
Am Staatsrot geet de Wiessel vun de Conseillere weider: No der Demissioun vum Affekot Yves Wagener gëtt et mam Récktrëtt vum Georges Kohn e weideren Posten, deen an der héijer Kierperschaft fräi gëtt an nei muss besat ginn.
De Georges Kohn, als Spezialist fir d’Dossieren an der Sécurité Sociale, ass ewell op de leschte Mëttwoch aus perséinleche Grënn aus dem Staatsrot zréckgetrueden. De parteilose Conseiller war eréischt Enn 2024 als Successeur vum Christophe Schiltz an de Staatsrot gewielt ginn, dee sengersäits elo Ambassadeur zu Roum ass. Deemools gouf et e reegelrechten Eclat, well de jonken LSAP-Wonschkandidat a Jurist Max Leners net déi néideg Stëmme beieneekrut, fir Member an der héijer Kierperschaft ze ginn.
Mëtt Mäerz hat den Yves Wagener, dee viru 7 Joer vun deene Gréngen nominéiert gi war, onerwaart aus dem Conseil d’Etat demissionéiert. Dee Poste soll un d’LSAP goen an déi fréier Vize-Premierministesch Paulette Lenert dierft déi fräi Plaz och iwwerhuelen, nodeems Si iwwernächst Woch am LSAP-Generalrot wäert nominéiert ginn. Duerno muss d’Kandidatur vun der LSAP-Ost-Deputéiert via Vott duerch d’Chamber.
Dem Georges Kohn säi Posten dierft un d’DP goen, iwwerdeem de Staatsrot wäert zwee Profiller fir dat Mandat ausschreiwen a selwer och een neie Conseiller bestëmmen.