Keen EenzelfallBroschtkriibs bei Männer: Een Tabuthema?

RTL Lëtzebuerg
Wichteg ass et, datt een dëse Kriibs esou fréi wéi méiglech erkennt. Een Deel vun dëser Prozedur ass d'Mammographie, wou et awer gréisser Waardezäite gëtt.
Broschtkriibs bei Männer: Een Tabuthema ?
De Romain Thill (69 Joer) huet 2020 d’Diagnose Broschtkriibs kritt – fir hie war dat awer keng Iwwerraschung.

De Romain Thill (69 Joer) huet 2020 d’Diagnose Broschtkriibs kritt – fir hie war dat awer keng Iwwerraschung. Ugefaangen huet dat Ganzt mat enger klenger Knupp op der rietser Broscht, déi de Péitenger Pensionär eng éischte Kéier beim Duschen entdeckt huet. Bei enger Fra hätten an deem Ament wuel direkt all d’Alarm-Klacke gelaut. Als Mann, seet de Romain Thill, duecht hie sech, wier et wuel éischter eng Eess oder een Hoer, deen eragewuess ass.

D’Knupp ass awer weider gewuess. No enger éischter Visitt beim Dokter a sou munche medezineschen Tests drop, stoung dunn am Abrëll 2020 fest – et handelt sech em Broschtkriibs.

Aus alle Wolleken ass de Pensionär deemools awer net gefall – d’Surprise huet sech a Grenze gehalen, seet hien. A sengem Entourage huet hien nämlech schonn 2 Männer kannt, déi e puer Joer virdrun déi selwecht Kriibsdiagnosen haten.

De Romain Thill ass deemno keen Eenzelfall – an dach bleift Broschtkriibs, generell gesinn, en duerchaus weiblecht Thema. Estimatiounen no ginn et hei am Land d’Joer ronn 500 nei Fäll. Am Schnëtt sinn dovu just 1 Prozent Männer - also ëmgerechent ongeféier 5 Patienten.

Den Opruff bleift awer fir jiddwereen. Loosst Iech reegelméisseg kontrolléieren!

Fréierkennung ass de Schlëssel

An dozou gehéiert och d’Oftaaschte vun der Broscht. Fir Frae gëtt geroden, dat eemol de Mount, ongeféier eng Woch no der Period ze maachen. An do ginn et dräi Techniken.

Fréierkennung ass de Schlëssel
An dozou gehéiert och d’Oftaaschte vun der Broscht.

Wichteg wär et, fest genuch ze drécken, a wann engem eppes Ongewéinleches opfält, den Dokter ze kontaktéieren. Dee kann engem dann ee Rendez-vous an der Mammografie maachen an och markéieren, wann et sech ëm eng Urgence handelt. Déi géifen nämlech virgeholl ginn an de Klinicken.

Waardezäite bei der Mammographie

Waardezäite bei der Mammographie
...

A leschter Zäit ass wéinst de Waardezäiten zu vill Kritik op de sozialen Netzwierker komm. Wärend déi eng dovunner erzielen, dass si méintlaangen op ee Rendez-vous misste waarden, sinn anerer praktesch direkt drukomm.

Dat läit dorënner, dass mat verschiddene Prioritéite geschafft gëtt. Urgencen a Fraen aus dem Programm Mammographie vun der Santé gi virgeholl.

Zur Zäit ginn 48.000 Mammographiën d’Joer gemaach. 28.500 dovunner ware Fraen tëscht 50 a 70 Joer, déi statistesch gesinn den héchste Risk hunn, Broschtkriibs ze kréien. 18.500 waren am Kader vum Programm Mammographie, déi genee déi Altersgrupp och cibléiert.

Aktuell wären d’Capacitéite maximal ausgenotzt. Dofir ass de Gesondheetsministère och am Echange mat de Spideeler, fir d’Situatioun ze evaluéieren. “Do si mir nees an der Fro vum Personalschlëssel. Et braucht spezifesch ausgebilten Personal an déi mussen och ausgebilt sinn. Do kommen puer Problematiken beieneen ”, esou d’Paulette Lenert.

Et wär och geplangt en 8. Mammograph zu Lëtzebuerg anzesetzen. Fir Urgencen an de Programm Mammographie wären d’Waardezäiten am Moment awer ganz kuerz. Et gëtt vun tëscht 2 Wochen an 2 Méint geschwat. Am Géigendeel géif ee sech nach erhoffen, dass méi Fraen tëscht 50 a 70 Joer un deem Programm Depistage vun der Santé deelhuelen. An deem Kader gëtt een all zwee Joer an eng Mammographie invitéiert.

Back to Top
CIM LOGO