OGBLBrutto-Mindestloun muss gehéicht ginn

RTL Lëtzebuerg
Den André Roeltgen vum OGBL huet um Dënschdeg op enger Pressekonferenz eng ganz Rei vu Fuerderunge genannt.
© RTL-Archiv

Grouss international Betriber sollen och hei am Land net vum Fiskal-Dumping profitéieren, de Brutto-Mindestloun soll méi héich ginn, de gratis ëffentlechen Transport ass eppes Guddes, bei der Cargolux sollen d'Léin an d'Luucht goen ... dat sinn nëmmen e puer vun de Fueredrunge vum OGBL.

OGBL: De Reportage vum Nico Graf

Wéi gewinnt, no der Sëtzung vum Nationalcomité, war et vum André Roeltgen de ganz groussen Tour d'horizon duerch d'Welt op Lëtzebuerg, wëll an dësem Fall soe vum kapitalisteschen Elitten-Treffen zu Davos.

E Gewerkschaftsklassiker war bei de Fuerderungen derbäi: de Mindestloun wier ze niddereg:

"Mir gesinn, dat wat am Moment eng Regierung virhuet, just als en éischte klenge Schratt. Eis Fuerderung vun 10% steet. Well wa mer vu Produktivitéit a méi gerechter Verdeelung schwätzen, ma du muss déi och bei deene landen, déi 40 Stonnen normal schaffe fir de Mindestloun. Mir sinn net déi, déi vum Netto schwätzen, mir bleiwen derbäi: 10% Brutto an den Ament hu mer 0,9 um Dësch leien ... Dat ass eng Schéier, déi gewalteg ass an do mussen zousätzlech Schrëtt kommen."

An da war et jo déi interessant international Etüd, déi gesot hat, déi jonk Leit hätten hei am Land en héije Risiko, aarm ze ginn. Dat wiere beileiwe net nëmmen d'Studenten, déi do genannt wieren, seet den André Roeltgen. "De Problem wier, dass ëmmer méi Jugendlecher net a stabilen Aarbechtsverhältnisser schaffen, dat heescht op d'mannst een CDI. An net nëmmen drënner schaffen, mä ëmmer méi eng laang Zäit no hirer Ausbildung a sou enger Situatioun sinn a sech also keng Liewensperspektiv kënne seriö opbauen."

Erausgepickt aus engem grousse Katalog dann nach weider Punkten: dee vum ëffentlechen Transport, wou den OGBL et prima fënnt, datt e soll gratis sinn, mä d'Investissementer missten héich gehale ginn, d'Frontalieren dierften net vergiess ginn an um Steierabattement vun der Kilometerpauschal dierft net gefréckelt ginn. Bei der Cargolux géif et keng seriö Propose fir méi héich Léin ginn, wat net verstoe wier an deem Betrib, dee gutt leeft. An am Gardiennage hätten d'Leit Aarbechtszäiten, déi eng Katastroph wieren – bis zu 56 Stonnen – an och nach schlecht bezuelt.

Back to Top
CIM LOGO