
De Chauffeur vum Bus war mat sengem Gefier vun der Strooss ofkomm an ass am Gruef un d'Hale komm. Am Bus ware keng Passagéier, mä zwee Chauffeuren. Ee vun de Chauffeure koum mat engem Schock an d'Spidol.
Op der Plaz waren de CIS Rammerech a Réiden an eng Ambulanz vu Réiden.
Wéinst dem Accident hat d'Strooss misse fir de Verkéier gespaart ginn.