
Eng Policepatrull konnt nach op der Plaz de presuméierten Täter ermëttelen. De blesséierte Buschauffer gouf vum Rettungsservice fir eng weider Behandlung an e Spidol gefouert. De Virfall gouf protokolléiert.
Weider mellt d’Police nach 2 Virfäll wéinst alkoholiséierten Automobilisten. Zu Biekerech hat eng Fra en Accident mat hirem Auto. Um Gefier ass en Totalschued entstanen, d’Fra gouf net blesséiert. Den Alkoholtest war positiv verlaf an de Permis gouf agezunn.
Géint 23.30 Auer gouf zu Gréiwemaacher nach e Chauffer wéinst senger ongewéinlecher Fuerweis gemellt. Den Auto konnt ermëttelt ginn an den Alkoholtest beim Mann war positiv. Och hei gouf de Fürerschäin agezunn.