Aus bis elo nach net gekläerte Grënn huet e Camionneur hei d'Kontroll iwwer säi Gefier verluer an de Camion ass ëmgetippt. D'Brëttell fir op d'A13 huet misse fir den Trafic gespaart ginn.
De Camion huet éischten Informatiounen no eng 15.000 Liter flëssegen Zement gelueden. Et gëtt allerdéngs keng Fuite, weder beim Zement, nach beim Sprit.
Duerch deen Accident kënnt et zu gréissere Problemer am Trafic.