Accident op der WäistroossCamion getippt, Chauffer blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 15.20 Auer hat sech op der N10 tëscht Meechtem an Ohn e Camion op d'Säit geluecht.
© Domingos Oliveira

De Camion ass op d'Säit vum Bäifuerer getippt an op der Vëlospist nieft der N10 gelant. Déi war doropshi gespaart, déi zwou Spure vun der N10 bloufen op. Trotzdeem war den Trafic perturbéiert. De Chauffer gouf bei deem Accident blesséiert, hie koum an d'Klinik.

Am Asaz waren d'Ambulanz vu Mäertert an d'Pompjeeë vu Wormer a Mäertert.

Back to Top
CIM LOGO