CGDISCamion tëscht Uewerpallen an Ell ëmgetippt

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg kuerz virun 12.30 Auer ass tëscht Uewerpallen an Ell e Camion accidentéiert an op der Säit gelant. Eng Persoun gouf blesséiert.

Wéinst dem Accident war d’Streck stonnelaang fir de Verkéier gespaart. Eréischt géint 17.20 Auer koum Entwarnung, dass nees op wier.

Eng Ambulanz vu Réiden an d’Pompjeeë vu Biekerech waren an den Asaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO