"Comment te dire?"Campagne, fir méi oppen iwwert de Kriibs ze schwätzen

RTL Lëtzebuerg
Um Weltdag géint de Kriibs lancéiert d'Fondation Cancer hir neiste Campagne.
Eng Fra bei enger Mammographie
Eng Fra bei enger Mammographie
© AFP

Wann e Mënsch erzielt, datt e Kriibs huet, ass et dacks net einfach, fir déi richteg Wierder ze fannen. Weder fir hie selwer, nach fir deen, deen dat grad héiert.D’Fondation Cancer well dozou bäidroen, datt méi oppen iwwert dës Krankheet ka geschwat ginn a lancéiert dëse Freideg um Weltdag géint de Kriibs hier Campagne “Comment te dire?”

Fondation Cancer um Weltdag géint de Kriibs / Dany Rasqué

Si riicht sech u Patienten, fréier Patienten a Leit, déi hinnen no stinn. D’Fondation Cancer freet si, z’erzielen, wéi eng Wierder hinne gehollef hunn.”Dacks ass ee blockéiert, wann iwwer Kriibs geschwat gëtt, well et eng Krankheet ass, déi Angscht mécht”, weess d’Martine Risch. Si ass Psychologin bei der Fondation Cancer an op Mënsche spezialiséiert, déi vu Kriibs betraff sinn.“Am schlëmmste Fall feiert dat dozou, datt een net weess, wat ee soll soen aus Angscht, dat Falscht ze soen, an da seet ee guer näischt. Ganz vill Patienten hunn eis och scho virun der Pandemie erzielt, dass se ganz enttäuscht driwwer waren, wéi vill Leit aus hirem noen Ëmfeld sech no der Diagnos vun hinnen zeréckgezunn hunn, vun deene se erwaart haten, si wieren do.”Dee perfekte Saz, dat perfekte Wuert, dat gëtt an esou enger Situatioun net. Allerdéngs ginn et Saachen, déi méi blesséiere wéi anerer, wéi d’Spezialistin seet.“Wat schonn ëmmer éischter Richtung Verletzung geet, ass wann een dat banaliséiert. ‘Komm Kapp héich, dat wäert schonn. Dat ass hallef esou schlëmm.’ dat sinn natierlech Aussoen, do fillt de Patient sech selwer dacks net verstanen oder eleng gelooss.”Mä och wann ee riskéiert, net déi richteg Wierder ze fannen, wier et besser eppes ze soen, wéi sech vun deem Kranken ze distanzéieren. Fir onglécklech Wierder kéint ee sech ëmmer entschëllegen. Eng Méiglechkeet ass och einfach ze soen, datt ee grad net weess, wat ee soll soen.Wichteg fir de Succès vun der Campagne sinn d’Temoignagen, déi d’Fondation Cancer kritt.“Déi Aussoe ginn ausgewäert. Mir sichen der e puer eraus an déi, déi eis besonnesch gutt gefalen, respektiv, déi mir oder vill Leit als besonnesch hëllefräich empfonnt hunn, kommen dann no an no op Facebook.”Matmaache kann een op Cancer.lu. Do fënnt een e Questionnaire op däitsch a franséisch, deen een ausfëlle kann.

D’Schreiwes vun der Santé zum Weltdag géint de Kriibs

Journée mondiale du cancer 2022 – « Close the care gap »

Communiqué par : ministère de la Santé

Le 4 février est célébrée la Journée mondiale du cancer, déclarée par l’Organisation mondiale de la Santé. Cette année, la Journée est placée sous le slogan « Close the care gap – Pour des soins plus justes ».

En 2020, le cancer a été diagnostiqué chez 2,7 millions de personnes dans l’Union européenne et la maladie a entraîné le décès de 1,3 million de personnes.

Au Luxembourg, le cancer est la première cause de décès chez les hommes et la deuxième chez les femmes. Bien que la médecine ait fait d’énormes progrès, le cancer reste un énorme défi de santé publique ainsi qu’un fardeau énorme pour les personnes touchées et leurs familles.

La campagne pluriannuelle « Close the Care Gap » nous incite à faire le constat des écarts de réalisation de la prise en charge des maladies du cancer et à reconnaître les inégalités d’accès aux traitements qui peuvent encore exister. « Analyser la situation, avoir l’esprit ouvert et opter pour des solutions innovantes en misant sur des alliances fortes: voilà ce qui va permettre d’améliorer l’ accessibilité et la qualité des soins au Luxembourg», explique la ministre de la Santé Paulette Lenert, « et c’est autour de la voix des patients que nous devons nous rallier ».

Notre Plan National Cancer 2 – 2020-2024 (PNC2)

Forts d’une dynamique positive déjà installée lors du premier Plan National Cancer Luxembourg 2014-2018, ce deuxième plan (PNC2) a débuté son véritable déploiement en 2021, avec la création de la Plateforme Nationale Cancer, et le lancement de 8 groupes de travail, chacun dédié à un axe stratégique spécifique.

Lors des premières actions de déploiement de ce plan, l’accent a été mis sur la poursuite de la mise en place des Réunions de Concertation Pluridisciplinaires, visant à renforcer la qualité des soins.

L’établissements des réseaux nationaux en cancérologie, leur intégration dans les structures européennes et la participation à des projets européens collaboratifs, se poursuit notamment dans le cadre de l’alignement du PNC2 avec les initiatives européennes.

La promotion des infrastructures de recherche et leur intégration dans la prise en charge du cancer est également en phase avec le développement des connaissances en cancérologie au Luxembourg.

Un engagement très marqué des patients et des organisations représentatives des patients dans les différents axes est à noter, où le soutien au patient et la prise en compte de l’expérience patient est une préoccupation centrale du PNC2.

PDF: De Visuel vu

Back to Top
CIM LOGO