
Bei enger Kontroll vun der Police an der Stad, ass de Beamten e Chauffeur opgefall, bei deem et verdächteg staark no Cannabis am Auto gericht huet. Bei der Kontroll goufen du bal 70 Gramm Cannabis, en Joint an Drogenutensilie fonnt.
Dobäi kommen nach Handyen a Boergeld. Bei der spéiderer Perquisitioun am Haus vum Mann a beim Bäifuerer sinn dunn nach eemol 273 Gramm Cannabis an Amphetaminnen opgedaucht.
Béid Dealer goufe festgeholl a koumen a Freideg de Muere virun den Untersuchungsriichter.