Nationale DrogerapportCannabis ass meescht konsuméiert Drog am Grand-Duché

Claudia Kollwelter
Mir hu mat zwee Vertrieder vun der Lëtzebuerger Antenne vun der Europäescher Drogenagence iwwert d'Entwécklungen am Grand -Duché geschwat.
© LittleIvan/ Envato

Cannabis bleift déi meescht konsuméiert Drog zu Lëtzebuerg. Bal 15 Prozent vun den Erwuessenen hunn an de leschten zwielef Méint Cannabis konsuméiert. Mä och Kokain an MDMA si Substanzen, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi verbreet sinn. Dat geet aus dem nationalen Drogerapport ervir, deen dës Woch publizéiert gouf.

Nationalen Drogerapport / Reportage Claudia Kollwelter

De Konsum vu Cannabis a Kokain ass iwwert déi lescht Joren am Grand -Duché geklommen, de Konsum vun Opioiden ass dogéint zréckgaangen, erkläert d'Nadine Berndt. Dat spigelt sech och an den Ofwaasseranalysen zréck:
 
Mir gesinn, datt Cannabis an och Kokain quasi an all Ofwaasseranalys detektéiert gouf, wat dorobber hiweist, datt déi Substanzen am lëtzebuergesche Marché present sinn. Aner Substanzen, wéi zum Beispill de Ketamin, gouf an 90 Prozent vun all Echantillen detektéiert.

Beim Cannabis géif opfalen, datt den THC-Gehalt ëmmer méi héich ass. Zanter der Reform vun 2023 hat et awer kee massive Sprong gi bei de Konsumenten.

Et waren awer nëmme fënnef Prozent, déi gesot hunn, datt se elo zënter der Gesetzesännerung méi konsuméieren. Also et ass awer nach eng Minoritéit. Dat heescht d'Majoritéit vun de Leit hunn awer uginn, datt se elo net wëlles hunn, méi ze konsuméieren.

De Rapport géif weisen, datt een zu Lëtzebuerg nach ëmmer vun engem traditionelle Konsumverhale schwätze kéint, seet den Tom Kugener.

Par rapport zu anere Länner, gesi mer awer, dass mer nach méi op deen, jo, klassesche Konsum, dass mer deen nach méi gesi vum, awer Heroin, Kokain, de Crack Kokain, an dass aner Stimulanten a Sedative, wou an anere Länner méi prevalent sinn, dass déi zu Lëtzebuerg awer nach zimmlech rar sinn.

Virun allem déi nei syntheetesch Opioiden wieren eng Gefor, esou d'Nadine Berndt.

Et gëtt Länner, wou een syntheetesch Opioiden fënnt, déi den Heroin remplacéiert hunn. Dat gesi mer zum Gléck zu Lëtzebuerg nach net. Och hate mer bis elo nëmmen eng Saisie vun Fentanyl zu Lëtzebuerg.

Eppes, wat een dann och nach ëmmer méi gesäit, ass e Mëschkonsum, virun allem Alkohol a Kombinatioun mat enger Drog, wier ganz heefeg, soen d'Nadine Berndt an den Tom Kugener vun der Lëtzebuerger Antenne vun der Europäescher Drogenagence. Dofir soll den Alkohol an Zukunft och am nationalen Drogerapport méi spezifesch ënnert d'Lupp geholl ginn.

D'Zuel vun Drogendoudeger ass iwwregens vun 26 am Joer 2000 op 12 am Joer 2024 gefall. Dat ass virun allem op wéinst der Aféierung vun de superviséierte Konsumräim. Och mam Sprëtzen- an dem Substitutiounsprogramm géif zu Lëtzebuerg versicht ginn, de Risk vun Iwwerdosissen ze limitéieren an den illegale Konsum ze reduzéieren.

Back to Top
CIM LOGO