Wéinst Malaise vu PilotCargolux-Maschinn huet Vol a Richtung Lëtzebuerg missen ofbriechen

RTL Lëtzebuerg
Eng Cargolux-Maschinn huet e Samschdeg misse vun hirem ursprénglechen Vol vu Guadalajara an Direktioun Lëtzebuerg deviéieren.
© Facebook / Cargolux Airlines International S.A

Dat, well et engem Member vun der Crew u Bord schlecht ginn war. Dëst stéing awer net a Relatioun mam Covid-19, sou schreift et d'Cargo-Airline. U Bord gouf dunn d'Decisioun geholl, fir zu Gander, op Newfoundland/Kanada, tëschenzelanden. De Pilot gouf an d'Spidol bruecht fir een Traitement.

Back to Top
CIM LOGO