Et ass dëst Gezei, dat vu Privatleit gespent gëtt. Kleeder, déi nach an engem gudden Zoustand sinn an esou nach un aner Persounen a Nout weidergi ginn.
Këschte voll mat Kleeder ginn zu Léiweng stockéiert. De Gros ass Kanner- an Dammegezei. An do läit den Hoken. Et feelt un Härekleeder. Zu all Joreszäit allerdéngs virun allem elo am Wanter.

Méi kleng Taillë ginn also dréngendst gesicht a gebraucht. Wichteg ass et awer och, datt déi Kleedungsstécker nach an engem gudden Zoustand sinn. Dat gëllt och fir d’Schong. Ënnerwäsch gëtt keng ofginn.
An den eenzelen Epicerië Sociales vu Croix - Rouge a Caritas kann een d’Kleeder ofginn. Oder et geet een op Léiweng an de Centre de Tri.
