Ukrain-KrichCaritas Lëtzebuerg hëlleft an der moldawescher Haaptstad Chișinău

Christophe Hochard
Zanter 2 Deeg ass d’Caritas Lëtzebuerg a Moldawien duerch hiren Dokter Godehard Engels aktiv.
Caritas Lëtzebuerg hëlleft an der moldawescher Haaptstad
Zanter 2 Deeg ass d’Caritas Lëtzebuerg a Moldawien duerch hiren Dokter Godehard Engels aktiv.

Haaptsächlech Mamme mat hire Kanner sichen ablécklech Schutz an den Nopeschlänner vun der Ukrain. Souwuel an Ungarn, Rumänien oder Moldawien gi si iwwer d’Grenz. D’Caritas Lëtzebuerg ass zu Chișinău aktiv. Des Uertschaft a Moldawien läit eng ronn 400 Kilometer vu Kiew ewech. 100 Mënsche kennen hei direkt am Centre d’Accueil betreit ginn.

D’Mënschen, déi aktuell iwwer d’Grenz kommen, si midd vun de Strapazen. Och mental sinn des Leit staark ugeschloen.

Nieft der Caritas sinn och aner ONGen an der Kriseregioun aktiv. D’Unicef an d’Croix - Rouge vu Lëtzebuerg hëllefen dohannen.

Mat finanzielle Spende kann een den ONGen op der Plaz aktuell am séiersten hëllefen.

Dës Hëllefsorganisatioune sammele Spenden

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO