Livestream-Biller weisenBockelwal "Timmy" schwëmmt, allerdéngs net a Richtung Ostsee

RTL Lëtzebuerg
Gëtt et am Drama ronderëm de Bockelwal "Timmy" en Happy End? Livestream-Biller weisen, datt de Wal elo schwëmmt.
E Freideg de 17. Abrëll 2026 huet de Bockewal Timmy op Daucher reagéiert. D'Déier huet mat senger Schwanzfloss geschloen a sech bal ëm 90 grad gedréint.
© JENS BUTTNER/dpa Picture-Alliance via AFP

Dat nodeems an der Nuecht op e Méindeg de Waasserpeegel geklomme war. Wéi et vu Journaliste vun der Plaz heescht, géif d’Déier allerdéngs net a Richtung Ostsee mee a Richtung Hafe schwammen. Souwuel d’Waasserschutzpolice wéi och Membere vun der Deutsche Lebens-Rettungs-Gesellschaft (DLRG) maache sech den Ament prett, fir an d’Bucht ze fueren an de Bockelwal ze begleeden.

Eng vun Entrepreneure finanzéiert Privatinitiativ hat déi lescht Deeg eng Rettungsaktioun preparéiert, bei där d’Déier mat Hëllef vu Loftkëssen a Pontone sollt a Richtung Nordsee oder Atlantik oftransportéiert ginn. Wéi et ëm dem “Timmy” seng Iwwerliewenschancë steet, ass weiderhin onkloer. De Landesëmweltministère wéi och Experte waren zur Conclusioun komm, datt de Wal a schlechtem gesondheetlechen Zoustand wier an deemno schwéier krank oder souguer um Stierwen ass. All Beméiungen, de Bockelwal ze retten, waren dowéinst och gestoppt ginn. Den zoustännege Ministère hat leedeglech rezent e leschte Rettungsversuch duerch d’Privatinitiativ vun enger Rei Entrepreneuren accordéiert. Dës gëtt vun den Autoritéiten iwwerwaacht.

Zanter dem 31. Mäerz louch den “Timmy” an der Bucht vu Wismar virun der Insel Poel fest a war och do virdrun ëmmer nees un der Ostseeküst opgetaucht.

Liest dozou och hei:

Back to Top
CIM LOGO