
E politesche Kapp ass gerullt an de Projet Sportmusée ass vum Dësch. Nawell wäert deen Dossier d’Politik nach eng Zäit beschäftegen. D’parlamentaresch Exekutiounskommissioun vum Budget huet ugefaangen, d‘Saach chronologesch opzeschaffen. Am Fokus steet e Protocole d‘accord tëscht dem Sportsministère an enger Immobiliegesellschaft an d‘Fro, ob- a wéini de Regierungsrot vun deem a Kenntnis war.
Et geet virun allem ëm juristesch Froen, ëm eventuell prozedural Feeler an ëm Responsabilitéiten, spréch: Wie wousst wéini wat?
Am Coup sinn nieft dem Sportsminstère ënner anerem och de Finanzministère an d‘Administratioun vun den ëffentleche Bauten. 39 Froen hat d‘Kommissioun der Regierung ugangs dës Joers eragereecht. D‘Äntwerten hu virun allem d‘Vertrieder vun der Oppositioun net zefridde gestallt a géinge wéineg zur Opklärung bäidroen. Dat war op alle Fall den allgemengen Echo no der Sëtzung de Mëtteg um Krautmaart.
Well den Avis juridique vum Sportsministère op sech waarde léisst, wëll d‘Chamberkommissioun, datt déi parlamentaresch Cellule scientifique sech parallel och mam Fall befaasst. Ugeschwat gouf och en Avis vun der Finanzinspektioun. En Dokument, wat confidentiel ass, wat d‘Deputéiert also net dierfe kommentéieren. Allerdéngs war et de Parlamentarier of ze gesinn, datt de Contenu vun deem Schreiwen net oninteressant ass fir d‘Suite vum Dossier. Dofir gouf och gefuerdert, dat Schreiwe vun der IGF Public ze maachen.
Fir de Rescht sollen deemnächst d‘Sportsministesch Martine Hansen, de Finanzminister Gilles Roth – allebéid CSV - an d‘liberal Ministesch fir Ëffentlech Bauten Yuriko Backes an d‘Kommissioun invitéiert ginn. D‘Deputéiert vun der Oppositioun hunn och net ausgeschloss, datt eng Enquête-Kommissioun wäert gefuerdert ginn.