Mënschen, déi op der Strooss liewen - e Bild, wat just d’Spëtzt vum Äisbierg zeréckspigelt.
Eng Etüd vum Statec, déi de leschte Mount verëffentlecht gouf, beleet et: déi lescht 3 Joer ass den Aarmutsrisiko hei zu Lëtzebuerg vu 17,4 op 19,2% vun der Populatioun geklommen. “Elo kënnt nach e Schock derbäi”, sou d’Carole Reckinger.
“Net all d’Leit sinn d’selwecht betraff vun deem Aarmutsrisiko. Et hänkt dervun of wéi d’Zesummestellung ass, vun der Liewenssituatioun. Et ass awer dramatesch, datt virun allem Familljen, déi Kanner hunn, vill betraff sinn. Et ass bewisen, datt et fir Kanner, déi an Aarmut opwuessen, ganz schwéier ass, aus deem Zyklus vun der Aarmut dono erëm eraus ze kommen. Eng Etüd hat virun zwee Joer erginn, datt ee vu véier Kanner zu Lëtzebuerg, d’Eltere sech net kënnen erlaben, zwee Puer Schong am Joer ze kafen. Dat si schonn Zuelen, déi dramatesch sinn.”
E Méindeg de Mëtteg waren op der Stater Gare d’Killschierf vun der Epicerie Sociale eidel. Héich Loyeren, d’Präisser vun de Liewensmëttel, déi erop ginn, d’Energiekäschten. Ëmmer méi Leit kréien um Enn vum Mount béid Enner net méi zesummen. Ëm 30% wier d’Frequentatioun vun den an Tëschenzäit 12 sozial Epicerien iwwer déi lescht 5 Joer erop gaangen. Fir d’Situatioun vun deene Bierger ze verbesseren, misst d’Politik net just un enger Schrauf, ma u villen zesummen dréien. Am Kader vun der Tripartite wier déi Chance alt nees verpasst ginn.
“Hei wier wierklech eng Chance gewiescht, fir sozial selektiv ze sinn. Dann hätt ee kënne wierklech deenen, wou et elo brauchen, ënnert d’Äerm gräifen. An deenen, wou et e bëssche manner brauchen, manner ënnert d’Äerm gräifen. Dat hätt net nëmme sozial méi Sënn gemaach, ma och ekologesch. Elo subventionéiere mir als Gesellschaft jo och verschiddene Leit hiren totalen Iwwerkonsum.”
D’Carole Reckinger geet net zimperlech mat de Politiker ëm: “Et feelt hei zu Lëtzebuerg u laangfristegen Ziler: Wou wëlle mer eigentlech hin? Wat wëlle mer erreechen?” Virun allem missten d’Politiker emol erkennen: “Wéi geet et deene Leit?”
“Wann d’Schéier tëscht Aarm a Räich méi ausernee geet, wat och hei de Fall ass. Déi, wou an der Mëtt sinn, déi verstinn iergendwann net méi, wéi et op de béiden Enner ausgesäit bei deene ganz aarmen a bei deene ganz räichen. Eis Politik befënnt sech och an deem doudege Wénkel, wou se net gesinn, wéi et deene Leit geet. Dat gesäit een och bei all de Mesuren, déi ëmmer erëm decidéiert ginn.”
D’Sozial Partner si bereet sech mat de Politiker a Rou un en Dësch ze setzen, fir no Léisungen ze sichen. Wann d’Ongläichheeten an der Gesellschaft méi grouss ginn, da ginn och d’Frustratioune méi grouss. Leit, déi ëmmer méi un d’Struewele kommen, fänken u rosen ze ginn. Dat géif een an allen europäesche Länner gesinn. Et wier héich Zäit, datt d’Politik erwächt, sou d’Carole Reckinger vun der Caritas.