
Dofir gëtt eng nei Bestandsopnam vun der Spidol-Infrastruktur, de Ressourcen, den Aktivitéiten an der Auslaaschtung vun deene Strukture gemaach.
Et soll a muss der demografescher Entwécklung Rechnung gedroe ginn, fir e Gesondheetssystem ze hunn, deen d’Strooss hält. E System, dee schonn ënner Drock steet, well nieft de Residenten och ëmmer méi Assuréen aus der Grenzregioun an d’Lëtzebuerger Spideeler kommen.
2021 ass d’Zuel vun de Patienten, déi net am Land wunnen, ëm bal 9 % geklommen. Bei de Gebuerte war et 2022 esouguer e Plus vun iwwer 17 %. Weider Haussë vu Patienten, déi net zu Lëtzebuerg wunnen, gouf et bei IRMen a Scanneren, der kënschtlecher Befruchtung oder nach bei den Urgencë respektiv de Policliniquen.
Zu Lëtzebuerg hu mer 10 Spideeler, dovunner 4 Centres hospitaliers a 6 spezialiséiert Spidolsetablissementer. Op 1.000 Awunner kommen am Schnëtt 4 Spidolsbetter, vun deenen de Gros Akut-Better sinn.
Et setzt ee weider op de Virage ambulatoire, also dass de Spidolsopenthalt esou kuerz wéi méiglech soll sinn.
Trotzdeem huet ee virun engem hallwe Joer mam modifizéierte Spidolsgesetz mëttelfristeg eng Hausse vu 500 Better gestëmmt. Stand 2023 ginn et zu Lëtzebuerg 15 Scanner, 12 IRMen oder nach 7 Apparater fir Mammographien.
An de Centres hospitaliers waren et an der Lescht ëm déi 140.000 Openthalter d’Joer, déi an der Moyenne bei eppes iwwer 7 Deeg louchen. Dat ergëtt een Occupatiounstaux vun 71%.