
Dat gouf en Dënschdeg de Moien op der Pressekonferenz vum Ordre des Avocats du Barreau de Luxembourg annoncéiert. D’nächst Woch ass dann och d’Journée Européenne des Avocats.Et géif ee feststellen, datt den Drock, besonnesch op jonk Affekoten ëmmer méi grouss géing ginn, sot d’Bâtonnière sortante, d’Valérie Dupong. Um Beispill vun anere Länner gouf dofir eng Etüd ënnert den Affekote lancéiert. Vun den 3.230 Affekoten, déi hei am Land schaffen, hunn een Drëttel de Questionnaire ausgefëllt. D’Resultat deckt sech mat deem aus anere Länner. 67 Prozent vun den Affekote fannen et schwéier, en Equiliber tëscht Famill a Beruff ze fannen. 35 Prozent denken driwwer no de Beruff opzeginn, aus diverse Grënn: Stress, net genuch Revenu oder d’Fro vun der Responsabilitéit.
Fir d’Affekote bei hire Suergen ze ënnerstëtzen, gouf d’"Cellule écoute” gegrënnt. Eng 10 fräiwëlleg Affekote goufen dofir an der psychologescher éischter Hëllef geschoult. Doriwwer eraus gouf e Fong kreéiert an e Spendenopruff gemaach, mat deem zum Beispill Consultatioune bei engem Psycholog kënne finanzéiert ginn.
D’Aarbecht vum Affekot ass awer eigentlech net direkt, Leit aus der Beruffsspart ze ënnerstëtzen, mee juristesche Rot ze ginn. An dat maachen d’Affekote vum Barreau och éierenamtlech all Samschden an der Cité judiciaire. D’Nofro géing hei permanent an d’Luucht goen, seet de Pit Reckinger, deen zanter dem 30. September als neie Bâtonnier am Amt ass. Op der Journée Européenne des avocats den 25. Oktober wäert déi gratis Berodung dann de ganzen Dag am Zentrum stoen. An der Cour supérieure de Justice an der Stad beroden d’Affekote vun 9 bis 19 Auer an de Beräicher Droit de la famille, Bail à loyer, Droit du travail an Droit de l’immigration.
Op der Pressekonferenz en Dënschdeg gouf dann och de Rapport annuel iwwert d’Lutte anti-blanchiment virgestallt. “D’lescht Joer goufen iwwer 120 Meldunge gemaach, viru Jore waren dat der just 20", sou de Bâtonnier. De Constat ass hei, datt ëmmer méi Fäll opgedeckt kënne ginn. Engersäits natierlech, well et méi Affekoten zu Lëtzebuerg ginn, awer och well méi Kontrolle vum Barreau géinge gemaach ginn, wéi de Pit Reckinger betount. Doriwwer eraus géingen d’Affekote och ëmmer besser an deem Domaine forméiert ginn, soudatt se d’Legislatioun am Detail kënnen.
De Barreau organiséiert dann och nach weider Formatiounen an diverse Beräicher. Ënner anerem wéi en Affekot sech hei am Land etabléiert an och rezent zum Beispill zu den Auswierkunge vun den internationale Sanktioune géint Russland, déi am Kader vum Krich an der Ukrain geholl goufen.