
Op der National 12 vum Quatre-Vents a Richtung Koplescht haten kuerz no Mëtteg 2 Autoe sech ze paken krut. Hei gouf et zwee Blesséierter.
Och en Accident tëscht zwee Gefierer mat zwee Verwonnte gouf et zu Lamadeleine an der Avenue de l'Europe am Rondpoint, dat war géint 14.15 Auer passéiert.
Da war de CGDIS nach zu Tratten am Asaz. Om Milleschknupp hat et kuerz virun 16.30 Auer an engem Kamäin gebrannt.
Zu selwechter Zäit war en Auto um CR306 tëscht Viichten a Biissen op d'Kopp geroden. Eng Persoun gouf hei blesséiert.