Ëm Samschdeg de MëttegCGDIS wéinst e puer Bränn am Asaz an en Auto op der Kopp

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf de CGDIS op e puer Asätz geruff.
Pompjeeswon vum CGDIS
© Laurent Weber

Um CR162 tëscht Fëlschdref an Elleng war géint 13:00 Auer een Auto op d'Kopp gaangen. Dräi Persoune sinn zu Schued komm. Am Asaz waren de CIS Munneref an eng Ambulanz vu Réimech.

An der Rue du Soleil zu Steesel huet een Appartement gebrannt. Géint 15:45 Auer waren de CIS Steesel, Miersch a Stad an den Asaz geruff ginn. Op der Plaz war och eng Ambulanz aus der Stad. Et ass beim Materialschued bliwwen.

Kuerz viru 15:00 Auer huet an der Rue Victor Hugo zu Déifferdeng eng Heck gebrannt. Fir d'Läschaarbechte war de CIS Suessem-Déifferdeng am Asaz. Eng weider Heck huet géint 15:50 Auer an der Rue Robert Kripes zu Péiteng gebrannt. Op der Plaz war de CIS Péiteng. An dann huet nach kuerz no 16:00 Auer e Bam an der Avenue de Luxembourg zu Bascharage gebrannt. Hei war de CIS Käerjeng-Péiteng alarméiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO