E Projet mat laangem BaartVëlospist tëscht Miedernach an Iermsdref offiziell ageweit

Marlène Clement
Wann alles no Plang leeft, sollen der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes no all Joer 20 Kilometer Vëlospist bäikommen a Lächer am nationale Reseau zougemaach ginn.

De Vëlosreseau am Grand-Duché gëtt weider ausgebaut. Wann alles no Plang leeft, sollen der Mobilitéitsministesch Yuriko Backes no all Joer 20 Kilometer Vëlospist bäikommen a Lächer am nationale Reseau zougemaach ginn. E Freideg ass een deem Zil ee klenge Schrëtt méi nokomm mat der Aweiung vum engem 3,3 Kilometer laangen Tronçon tëschent Miedernach an Iermsdref.

Déi Verantwortlech hunn et sech bei där Occasioun och net huele gelooss, selwer op de Vëlo ze klammen, fir déi nei Pist ze testen. Woubäi, ganz nei ass se net. Am Oktober zejoert goufen d'Aarbechte finaliséiert.

D'Yuriko Backes op der neier Vëlospist
D'Yuriko Backes op der neier Vëlospist
© Marlène Clement

De Projet huet ee laange Baart. An den 90er Jore gouf ugefaange mat plangen. Am Ganze sollen iwwer 33 Kilometer Vëlospist tëschent Jonglënster a Reisduerf entstoen. Mat deem neien Deel, deen offiziell inauguréiert ginn ass, kënnt een elo op knapp 13 Kilometer, notamment vu Kéideng bis op Iermsdref.

Wéini dee Puzzle am Oste vum Land ka fäerdeg gemaach ginn, ass onkloer. Den Direkter vun de Ponts et Chaussées seet sech awer optimistesch, datt et keng weider 30 Joer brauch, fir déi lescht 20 Kilometer an Ugrëff ze huelen.

Och d'Zil vun deenen 20 Kilometer neie Vëlospiste pro Joer wier realistesch. Et géing och dru geschafft ginn, nach méi séier weiderzekommen.

Back to Top
CIM LOGO