
D’Chamber ruddert zréck, wat de Kontrakt mam digitalen “Journal” ugeet.
U sech war mat de Responsabele vum “Journal”, d’Zeitung, déi zanter dem 1. Januar net méi am Print, ee nëmmen nach an enger Online-Versioun erauskënnt, ofgemaach, datt d’Chamberbliedchen an engem PDF op deem Site erauskënnt.
Dësen Accord hat awer zu politescher Onrou gefouert, notamment, well sech verschidden Deputéiert net iwwert dësen Accord informéiert soten an duerfir och sollt am Büro e Freideg am Nomëtteg iwwert dës Affär Rieds goen.
De Chamberpresident selwer huet awer lo d’Konsequenze gezunn an deelt ewell am Virfeld vun der Reunioun vum Büro op Facebook mat, datt den Accord mat de “Journal"-Responsabele iwwert d’Online-Publikatioun vum Compte Rendu vun de Chambersessioune gestoppt gi wier.
Et war wuel den Drock vun der Press an och e Bréif vun der CSV, deen zu dësem Revirement gefouert hunn. Wéi de Fernand Etgen schreift, géif sech d’Chamber lo eng nei Kommunikatiounsstrategie ginn. Dëst wier eng Prioritéit fir den éischte Bierger vum Land.

De Revirement geschitt nëmmen 4 Deeg nodeem de Site Reporter.lu public gemaach hat, datt d’Chamberbliedche soll als PDF publizéiert ginn. Domat wier de “Journal” deen eenzegen Online-Medium gewiescht, deen d’Comptes-Renduen vun der Chamber publizéiert hätt an dat natierlech bezuelt.
D’CSV hat dëst als “Präzedenzfall” bezeechent, iwwert dee misst debattéiert ginn. Dem Online-Magasinn Reporter no hätt de Journal fir d’Publikatioun vun engem eenzele PDF ronn 1.600 Euro krut, op d’Joer gerechent, wier dëst eng Zomm vu ronn 30.000 Euro.
RTL-News: Reporter.lu mellt - De “Lëtzebuerger Journal” gëtt via Chamberbliedche subventionéiert