Legislatioun géint sexuelle MëssbrauchChamber gëtt gréng Luucht fir Moderniséierung vum Strofrecht

Pierre Jans
D'Legislatioun géint sexuelle Mëssbrauch a fir Kanner a Jugendlecher géint sou en Abus besser ze protegéieren, gëtt däitlech méi prezis a virop méi streng.

D’Chamber huet de Mëttwoch de Mëtteg gréng Luucht ginn, dat mat 55 Jo-Stëmmen an 3 Abstentiounen. Et ass eng Moderniséierung vum Strofrecht an d’Ëmsetzung vun enger EU-Direktiv.

Den “attentat à la pudeur” aus dem viregten Text gëtt ersat duerch d’Formulatioun, dass bei engem Abus d’sexuell Integritéit vun enger Persoun vun enger anerer blesséiert gëtt. Et ass net nëmmen de Vokabulär, dee changéiert, mä d’Approche. D’Awëllegung - de Consentement - fir Geschlechtsverkéier gëtt een Haaptcritère. Si ënnerscheet de gewollte Sex vun engem Viol. Näischt soen, gëllt net als Jo. A juristesch relevant gëtt och, wann d’Awëllegung vun engem vun den Acteure wärend dem Geschlechtsverkéier zeréckgezu gëtt.

Den Text preziséiert och, dass et gesetzlech verbueden ass, dass Persounen, déi méi ewéi 16 Joer al sinn, sexuell Relatioune mat Persounen ënner 16 Joer hunn. Eng Ausnam gëtt et duerch déi sougenannt “Romeo-a-Julia"-Klausel, déi sexuell Handlungen tëscht Jugendlechen, déi bal d’nämmlecht al sinn, entkriminaliséiert. Déi erlaabten Altersdifferenz läit wéi a Frankräich bei 4 Joer.

Viol gëtt méi definéiert. Deen Term beschreift am Gesetz net méi just d’Penetratioun vum Täter géintiwwer dem Affer. Mä och all Akten, bei deenen d’Affer gezwonge gëtt, eppes um Täter, sech selwer oder enger drëtter Persoun ze maachen.

Den Inzest gëtt iwwerdeems eng eege Strofdot. Bei schwéiere sexuelle Verbrieche ginn d’Verjärungsfristen annuléiert.

Back to Top
CIM LOGO