All d’Parteien hu sech en Donneschdeg de Moien an der Chamber géint eng Impfflicht fir Leit vu 50 Joer un ausgeschwat. D’Regierungsparteien d’DP, d’LSAP an déi Gréng, sou wéi och d’CSV sinn der Meenung, datt een trotzdeem muss fir den Eeschtfall am Hierscht virbereet sinn, falls d’Situatioun sech an de Klinicken nees zouspëtze sollt. Dofir soll elo en entspriechenden informelle Projet de Loi op den Instanzewee bruecht ginn. D’Regierungsparteien an d’CSV schwätze sech elo, anescht wéi vun den Experte recommandéiert, géint eng Impfflicht aus. Am Ufank vum Joer hat dat nach anescht ausgesinn. Hir Justifikatioun ass, datt ee muss d’Proportionalitéit vun esou enger Impfflicht am Aen halen. An do géingen net just medezinesch Argumenter eng Roll spillen, mä och juristesch a gesellschaftspolitescher. Déi Lénk, d’ADR an d’Pirate schléissen eng Impfflicht - genau sou wéi schonn ugangs vum Joer nom éischten Avis vun den Experten - weiderhin aus.
Weider gouf och iwwert d’Remark am Avis vun den Experte geschwat, datt d’Leit aus dem Gesondheets- a Fleegesecteur sollen an Zukunft der Direktioun mussen hiren Impffstatus virleeën. D’CSV gesäit dëst als sënnvoll och am Hibléck op aner infektiéis Krankheeten, wëll vulnerabel Leit esou kéinte besser geschützt ginn. D’Regierung weist sech hei awer nach méi zréckhalend. Ob esou eng Mesure ëmzesetzen ass, misst nach juristesch gepréift ginn, hat den DP-Premierminister Xavier Bettel schonn e Mëttwoch a senger Deklaratioun zum Avis iwwert d’Impfflicht an der Chamber gesot.
Dann hunn eng Partie politesch Vertrieder vun ADR, CSV an déi Lénk no engem Pandemiegesetz gefrot. D’LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet awer dorop higewisen, datt hei am Land e Gesetz do wier, wat ganz ausféierlech ass. Et géing een elo emol un enger Evaluatioun vun der OECD deelhuelen, an där d’Erfarungen aus ënnerschiddleche Länner matenee verglach ginn, an da Conclusiounen zeien.